Op der Stater Gare gouf en Donneschdeg de Mëtteg déi nei Cité vun der Sécurité Sociale offiziell ageweit, respektiv deen éischten Deel vun deem Projet.

Aweiung Cité de la Sécurité sociale / Reportage Fanny Kinsch

D'Gesondheetskeess, d'Kontrollmedezin, d'CCSS, d'Assurance Accident an d'Verwaltung fir d'Evaluatioun an d'Kontroll vun der Fleegeversécherung sinn elo all am selwechte Gebai op der Stater Gare. D'Cité vun der Securité sociale gouf elo feierlech ageweit. D'Gebai huet 10 iwwerierdesch a 4 ënnerierdesch Stäck, 52.000 Meterkaree a gouf fir knapp 160 Milliounen Euro vum Kompensatiounsfong realiséiert.

Den Architekt vun der neier Cité vun der Sécurité sociale, Jürgen Böge, beschreift se esou:

"Viele Besucher haben Probleme oder Sorgen. Einige sind in einer schwierigen emotionalen Situation wenn sie dieses Haus betreten. Sie werden vielleicht ein wenig warten müssen, oder sie brauchen vielleicht Hilfe. Wir haben deshalb versucht ihnen mit den Mitteln der Architektur den Aufenthalt so angenehm wie möglich zu machen. Die Orientierung im Haus ist einfach und übersichtlich, die Wartehallen sind einladend und haben eher den Charakter einer Lounge und die Schalter sind diskret und freundlich. Und wenn eines Tages der zweite Teil des Gebäudes dort drüben fertig gestellt ist wird ein wunderschöner Garten hier im Innenhof dazu beitragen hier etwas Ruhe und Entspannung zu finden."

De Chantier vun deem zweete Gebai wäert am Hierscht ufänken, hei kommen an Zukunft d'Pensiounskeess, d'Zukunftskeess an de Kompensatiounsfong ënner Daach. Et misst een d'Cité vun der Sécurité sociale awer och am Kontext vun der Opwäertung vum Garer Quartier gesinn, sou den Architekt. Dofir wier et a sengen Aen och ganz passend, datt am Gebai virun der Cité abordabel Wunnengen entstoe sollen.

Dat gielt Gebai op der Escher Strooss hätt misse komplett sanéiert ginn a war och ze enk gi fir déi ronn 1.000 Mataarbechter vun de verschiddene Servicer vun der Sozialversécherung. Den neie Site wier ideal, sou den Alain Reuter, President vum Kompensatiounsfong, deen de Projet realiséiert huet.

"D'Sécurité sociale kënnt hiren Aufgabe meeschtens ganz vill am Hannergrond no. Den Accès op Sozialleeschtungen ass am Reegelfall ganz onkomplizéiert a geet och haut ëmmer méi dacks iwwert den digitale Wee. Trotzdeem bleift awer ee reibungslose physeschen Zougang zu den Institutiounen ee wichtege Bestanddeel vun der Offer vun der Sécurité sociale. Dann ass et och ideal, wann de Site vun der Securité sociale sech an engem liewege Quartier vun der Haaptstad erëmfënnt, dee fir all Mënsch zougänglech ass, dee mam ëffentlechen Transport kann erreecht ginn."

Nieft dem Accès mam ëffentlechen Transport wieren awer och Parkplaze fir Persoune mat enger ageschränkter Mobilitéit virgesinn, sou de Sozialminister Claude Haagen, e Punkt, op deen hie scho méi dacks ugeschwat gi wier.

"Natierlech ass dat doten och virgesinn. Et ass bësse méi schwiereg elo an der Phas, wou den zweete Projet ufänkt, mee herno ass dat Ganzt ee Ganzt, wat jo och da richteg ass."