Nationalfeierdag 2023 op RTLKuckt Iech d'Militärparad an d'Zeremonie an der Philharmonie hei nach emol un
Den 23. Juni feiert Lëtzebuerg den "Groussherzogsgebuertsdag". Erlieft de Feierdag entweder mattendran oder gemittlech vun doheem, RTL ass fir Iech dobäi.
RTL.lu, RTL Télé Lëtzebuerg an och de Radio hunn en extra Feierdagsprogramm zesummegestallt. Dëse spezielle Programm kënnt Dir am Livestream um RTL-Site an op der RTL-App kucken.
All d’Fotoen ëm Nationalfeierdag op ee Bléck!19.30 Auer: De Journal
19.45: Resumé vum Te Deum
Erlieft nach eng Kéier d’Ambiance an déi schéinst Momenter vum Te Deum aus der Kathedral.
20.00 Auer: Rediffusioun vun der Zeremonie an der Militärparad
Rediffusioun vun der Spezialsendung ronderëm déi zivil Zeremonie aus der Philharmonie an der Militärparad aus der Avenue de la Liberté.
Nationalfeierdag och op RTL Radio Lëtzebuerg
Radio - Live: Hei eralauschteren
Feierlechkeeten um Dag selwer
- Zanter 2014 gëtt an der Philharmonie en ziville Festakt ofgehalen. Start ass um 10 Auer.
- Duerno gi vum Fetschenhaff aus vun der Arméi 21 Kanouneschëss ofgeschoss.
- Vun 12 Auer un ass an der Avenue de la Liberté eng militäresch an zivil Truppeparad.
- Um 16.30 Auer ass den Te Deum an der Stater Kathedral a Presenz vu der groussherzoglecher Famill.
- An de Gemenge vum Land ginn op Nationalfeierdag vun de Gemengeverantwortleche lokal Feieren organiséiert.
PDF: Praktesch Informatiounen ëm d'Feierlechkeete wéi de Programm oder d'Bushorrairen.