
Op der Héicht vu Fluessweiler wollt ee vun de Motorradsfuerer e Camion iwwerhuelen, ass allerdéngs dobäi an en Auto gerannt a gefall. Den 31 Joer ale Mann ass beim Accident op déi aner Stroossesäit geroden. De Mann gouf schwéier blesséiert.
D’Rettungsekippe konnten op der Plaz just nach den Doud vum Mann feststellen. D’A1 war bis an de Sonndegmoien a béide Richtunge gespaart, fir datt de Miess- an Erkennungsdéngscht seng Aarbecht maache konnt.
D’Police sicht iwwerdeems no weideren Zeie vum Accident - all Informatioune si fir den 113.