
Zejoert wiere méi wéi 3 Milliarden € vun den am Ganze 26 an der Pensiounsreserv a Klima- oder ëmweltschiedlech Industrieprojete gefloss, an d’Nuklearenergie oder a Betriber, déi den internationale Standarden a Punkto Mënscherechter nach ëmmer net entspriechen.
888 Milliounen € wiere beispillsweis zejoert an d’Kuelen-, d’Pëtrols- oder d’Gasindustrie gaangen. E Plus vu bal 7% am Verglach zu 2021.
Fir Greenpeace ass dofir kloer, dass d’Nohaltegkeetspolitik vum Pensiounsfong just eng PR-Aktioun wier.