36 déidlech Verkéiersaccidenter2022 war kee gutt Joer op eise Stroossen

Monica Camposeo
Lynn Cruchten
Zejoert gouf et 36 déidlech Verkéiersaccidenter, dat ass e Plus vu 50 Prozent. D’Joer virdru waren et 24 Doudesaffer.
2022 war kee gutt Joer op eise Stroossen
Zejoert gouf et 36 déidlech Verkéiersaccidenter, dat ass e Plus vu 67 Prozent. D’Joer virdru waren et 24 Doudesaffer.

Am Ganze gouf et d’lescht Joer 1.094 Accidenter, 2021 waren et der 949. “Et ass warscheinlech dat allerschlechst Joer, zanter dass ech dës Zuele presentéieren”, esou den Transportminister François Bausch géintiwwer der Press um Donneschden. Par Rapport zu 2013 gëtt et zwar e positiven Trend mat manner Blesséierten an allgemeng och manner Accidenter. Ma dat lescht Joer géing awer elo e schlecht Liicht op déi Entwécklung geheien.

D’Motosfuerer maache bal een Drëttel vun allen Doudesaffer aus. Vill wier scho gemaach ginn fir ze sensibiliséieren an Accidenter ze verhënneren, zum Beispill Leitplanken opbauen op kritesche Plazen. Ma dacks wiere Motosaccident direkt besonnesch schlëmm, well d’Persoun um Gefier méi exposéiert ass wéi an engem Auto.

PDF Rapport AET

Back to Top
CIM LOGO