D'Schwieregkeet mat den THC-Tester
© JULIAN STRATENSCHULTE dpa Picture-Alliance via AFP
Och wann een elo dierf bei sech doheem eng dämpen, ass een, wann een dono Auto fiert, kloer an der Illegalitéit, an dat jee nodeem och nach Deeg dono...
Zënter dem Vott an der Chamber e Mëttwoch steet fest: Cannabis huet elo definitiv de Wee zu enger legaler Drog zu Lëtzebuerg ageschloen, och wann een hei selbstverständlech nach laang net op deem selwechten Niveau ass a mëttelfristeg och net dierft kommen, wéi den Alkohol, sief dat op juristeschem oder gesellschaftlechem Plang.
Wou awer weder Alkohol, nach Cannabis oder soss Drogen zu Recht eppes verluer huet, ass hannert dem Steier vun engem Gefier. Dass een net ënnert Afloss vun Alkohol oder Droge fiert, dat dierft wuel all Mënsch kloer sinn an hei seet och kaum een eppes dogéint. Ma wat seet hei d'Gesetz genee, wéi lafe sou Kontrollen of a wéi eng Strofe si virgesinn? Well och wann een zwar elo doheem a senge 4 Wänn dierf legal Cannabis consomméieren, wier et keng gutt Iddi, fir sech dono hannert d'Steier ze sëtzen, och wann d'Wierkung vun der Drog scho längst nees verflunn ass.
Systematesch Drogekontrollen u Chauffere gi vun der Police awer net duerchgefouert, dat krute mir op d'Nofro bei der Police an dem Transportministère kloer confirméiert. Dës Tester géife just da gemaach ginn, wann et zum Beispill "däitlech Unzeechen" (signes manifestes) ginn, dass e Chauffer Droge kéint zou sech geholl hunn, respektiv am Fall vun engem Accident mat Blesséierten oder Doudegen.
© GUILLAUME SOUVANT AFP
Den Oflaf vun enger Kontroll ass kloer am Artikel 12 Paragraph 4 vum Gesetz vun 1955 festgehalen. Hei steet dran, dass, wann et bei enger Kontroll e Verdacht gëtt, dass e Chauffer hannert dem Steier ënnert Afloss vun Droge oder Alkohol kéint stoen, d'Beamten eng Rei Tester kënnen duerchféieren.
Als alleréischt ginn et eng Partie äusserlech Indicen, déi e Beamten un enger Persoun ka préiwen, fir op alle Fall mol de Verdacht vun engem Drogen-Afloss ze bestätegen oder auszeschléissen. Heizou gehéiere glaseg, wässreg an/oder rout An, jee no Drog kleng oder grouss Pupillen, dréche Lëpsen, Euphorie an esou weider, fir elo nëmmen e puer Punkten erauszepicken. Dës Unzeeche fale ënnerschiddlech aus, ofhängeg vun der Drog, déi ageholl gouf an dem Konsument selwer.
Sollten et genuch äusserlech Unhaltspunkte ginn, dass eng Persoun ënner Afloss vun, an eisem Fall THC kéint stoen, ass an enger weiderer Etapp e Spaut- oder Schweesstest virgesinn. Wéi een Test do geholl gëtt, läit um Policebeamten ze decidéieren, deen d'Kontroll duerchféiert.
Ausname sinn hei vum Parquet ordonéiert Kontrollen, no uergen Accidenter oder wann eng Persoun zougëtt, Droge virdru consomméiert ze hunn, wärend der Kontroll consomméiert (also inflagranti erwëscht gëtt) oder Drogen bei sech huet. Hei géif et direkt zu engem Urin-, respektiv zu engem Blutttest kommen. Dëst iwwregens och, wann de Spaut- oder Schweesstest positiv ausfält. Beim Blutttest kritt een dann och bei Wäitem dat geneeste Resultat, wou och ka festgestallt ginn, wéi vill Nanogramm THC een op engem Milliliter Blutt huet. D'Zuel vun de positiven Tester an engem bestëmmten Zäitraum konnt d'Police eis net matdeelen, och net, wéi vill esou Tester iwwerhaapt am Ganze gemaach ginn.
Op Nofro beim Transportministère krute mir confirméiert, dass et wichteg ass, dass ee beim Testen op THC, genee wéi beim Alkohol, ënnert engem gewëssen Taux bleiwe muss, wann een e Gefier steiert. Beim THC läit dee Wäert bei 1ng THC op 1ml Blutt. De Ministère präziséiert, dass et bei verschiddene Leit méi séier geet, wéi bei aneren. Weider gëtt säitens dem Ministère betount, dass och, wann een elo doheem dierf legal fëmmen, een am Trafic d'Fanger sollt ewechloossen. E gutt gemengte Rot, deen och net vun ongeféier kënnt.
Problematesch ass nämlech, dass zu Lëtzebuerg, an iwwregens och an deene meeschten anere Länner op der Welt, eleng d'Presenz vun THC am Blutt duergeet, fir eng Ausso doriwwer ze maachen, wéi staark oder ob iwwerhaapt eng Persoun ënnert Afloss vu Cannabis steet. Bei deenen allermeeschte Leit gëtt awer nach Deeg, an extreme Fäll esouguer Wochen nom Konsum vu Cannabis THC-Wäerter am Blutt vun deelweis wäit iwwert dem legalen Taux vun 1ng/mg Blutt gemooss. Dass dës Persoun awer zimmlech warscheinlech guer net méi ënnert Afloss vu Cannabis steet, spillt laut Gesetz keng Roll. Eleng, dass de Wäert am Blutt kann nogewise ginn, geet duer, fir am volle Mooss bestrooft ze ginn.
Méiglech Strofen, déi ee kéint erwaarden, wann een iwwert der legaler Dosis läit an hannert dem Steier sëtzt, sinn iwwregens am Paragraph 1 vum Artikel 12 opgelëscht: "Toute personne qui conduit un véhicule ou un animal tout en souffrant d’infirmités ou de troubles susceptibles d’entraver ses aptitudes et capacités de conduire ou en n’étant, hors les cas prévus aux paragraphes 2, 4 et 4bis du présent article, de façon générale pas en possession des qualités physiques requises pour ce faire est punie d’un emprisonnement de huit jours à trois ans et d’une amende de 500 à 10.000 euros ou d’une de ces peines seulement."
Déi tatsächlech Héicht vun der Strof decidéiert de Parquet.
D'Gesetzeslag hält sech also ganz kloer an exklusiv un de Wäert vun 1ng/ml, iwwregens quasi de klengst méigleche Wäert, deen iwwerhaapt technesch nach kann am Blutt detektéiert ginn. Och wéi laang den Taux vun iwwer 1 kann nogewise ginn, zitt sech vun e puer Stonne, bis hin zu Deeg. Am Urin kann den THC souguer nach bis zu 7 Deeg festgestallt ginn. An anere Wierder kann ee weekends Cannabis consomméieren a méindes nach ëmmer positiv sinn an dann dem Gesetz no bestrooft ginn. Wann een dann och nach an en Accident involvéiert ass, kann a wäert dat viraussiichtlech natierlech zu richteg grave Problemer fir déi Persoun, déi gefuer ass, féieren. Den THC-COOH-Wäert kann nach Wochen dono detektéiert ginn, virun allem, wann ee reegelméisseg Cannabis consomméiert.
© BURGER PhaniePhanie via AFP
Dobäi kënnt, dass Cannabis jee no Persoun ënnerschiddlech staark oder manner staark wierkt an et och komplett ënnerschiddlech Tauxe gi vu Persoun zu Persoun, dat wuelverstane bei selwechtem Konsum virdrun. Änlech wéi beim Alkohol, allerdéngs dann dach mat kloren Ënnerscheeder. Sou huet e Cannabis-Konsument, dee reegelméisseg fëmmt, eng méi héich Chance, nom cConsomméiere vun engem Joint, méi en héijen Taux dono am Blutt ze hunn, wéi een, dee manner dacks oder bal ni fëmmt. Dat wéi gesot, obwuel béid zum Moment vun der Kontroll, déi selwecht Quantitéit u Cannabis consomméiert hunn. An der Reegel ass nämlech bei reegelméissege Konsumenten den THC-COOH-Wäert däitlech méi héich, wéi bei anere Persounen.
Beim Alkohol ass dat Ganzt méi kloer. Ass een iwwert dem zougeloossene Wäert, kann ee relativ kloer dovunner ausgoen, dass op alle Fall de Fuerer kuerz virdrun Alkohol zou sech geholl huet, an dat och dann a sengem Fall ze vill, well den Taux jo no Kierpergewiicht a Konsumverhale variéiert an domadder och den Afloss op eng Persoun ënnerschiddlech staark ausfale kann. Ënnert dësem Wäert bleift een awer an der Reegel, wann ee sech zum Beispill op e Glas Béier (bei ville Leit och 2 oder 3 verdeelt iwwert en Owend) limitéiert, dat 1-2 Stonne virun deem een an den Auto klëmmt. Et gëtt also eng gewëss Toleranz.
Beim Cannabis huet een den zoulässege Wäert awer dacks iwwerschratt, och wann een nëmme ganz wéineg Quantitéiten zou sech hëlt a Stonnen dono réischt kontrolléiert gëtt. D'Tester sinn hei vill méi limitéiert, wat d'Ausso iwwert d'Fuerkompetenz betrëfft, wéi bei den Alkoholtester, sou dass dem Konsument hei och praktesch kee Spillraum gelooss gëtt. D'Korrelatioun tëscht dem gemoossene Promille-Wäert an dem effektiven Afloss vum Alkohol op d'Fuerverhale vun enger Persoun ass vill méi sécher a credibel beim Alkohol, wéi dat beim Cannabis de Fall ass. Dohier ass et am Moment méi sécher, och emol 1-2 Deeg säin Auto stoen ze loossen, wann ee mol eng gedämpt huet, fir dono enger béiser Iwwerraschung aus dem Wee ze goen, well den THC einfach manner séier ofgebaut gëtt.
De Moment ännert sech awer näischt un der Approche an der Heefegkeet vun der Police bei de Kontrollen, well d’Beamte sech weiderhin un déi Prozedur mussen halen, déi am Code de la Route virgesinn ass. Dës Bestëmmungen existéiere jo onofhängeg vum neie “Cannbis-Gesetz”, esou d'Police op eis Nofro hin.