ChamberwalenPolitesch Beweegung vum Roy Reding geet mat den 8. Oktober

RTL Lëtzebuerg
Den Deputéierte Roy Reding huet um Samschdegowend op Facebook annoncéiert, datt säin neie politesche Mouvement mat an d'Chamberwale geet.

Et wier net als Biergerlëscht ze gesinn, et misst ee schonn dem Manifest vu der Beweegung “Liberté” zoustëmmen a sech domat kënnen identifizéieren, esou de Roy Reding op Nofro.

D’Zil wier et, op d’mannst 3 komplett Lëschte voll ze kréien, wann net esouguer 4. D’Nord-Lëscht wier komplett, och am Osten hätt ee schonn e puer Leit. De Roy Reding wéilt selwer am Zentrum mat an d’Wale goen an hie wéilt och nom 8. Oktober nach Deputéierte bleiwen, dat sot hien RTL géintiwwer. Am Süden 23 Leit ze fannen, wier do méi schwiereg, wéi déi 21 am Zentrum, wou ee gudder Deng wier, d’Lëscht voll ze kréien, esou de Roy Reding.

Den Deputéierten huet viru Kuerzem d’ADR verlooss a seng eege Sensibilité politique an der Chamber mam Numm “Liberté chérie” gegrënnt.

Back to Top
CIM LOGO