Keng gutt Verhandlungsbasis fir en neie Kollektivvertrag

© Envato / Ruslaha44
Eng grouss Lëtzebuerger Bauentreprise soll a Schwieregkeete sinn. D'Aushandele vun engem neie Kollektivvertrag am Secteur dierft schwiereg ginn.
Fir d'Baufirma Manuel Cardoso Constructions an hir 220 Beschäftegter soll et net gutt ausgesinn. Wéi Contacto, d'portugiseschsproocheg Zeitung vum Wort, schreift, hätt d'Firma finanziell Schwieregkeeten a wier no un der Faillite. Eng Nott vun enger Zwangsstee wier en Donneschdeg de Moien un der Dier vum Betrib gesi ginn, mä déi Responsabel vum Betrib hätte se wechgeholl, iert d'Aarbechter se konnte ganz liesen, sou d'Zeitung.
Contacto schreift weider, datt eng Rei Betriber am Bausecteur hir Aarbechter net méi géinge bezuelen. D'Federation des entreprises de Construction et de Génie civil hätt an engem Schreiwes der Regierung weider Hëllefsmesure proposéiert. Déi, déi d’Regierung virun engem Mount ugekënnegt huet, géingen net drugoen.
Keng gutt Verhandlungsbasis fir neie Kollektivvertrag
D'Kris am Bau gëtt de Gewerkschafte keng gutt Verhandlungsbasis fir en neie Kollektivvertrag. Aus gewerkschaftleche Kreesser heescht et, déi Verhandlunge wieren aktuell ganz schwiereg: d’Patrone wéilten näischt ginn. Trotzdeem huet de Jean-Luc de Matteis vum OGBL op Twitter gefuerdert, datt d’Aarbechtskonditiounen an d’Salairë fir déi 20.000 Beschäftegt am Bau verbessert ginn.
Hien huet op d’Enquête, déi d'Konkurrenzautoritéit e Mëttwoch publizéiert huet, higewisen. Aus där geet ënnert anerem ervir, datt d’Marge vun de Promoteuren tëscht 2010 an 2020 ëm 800 % an d’Luucht gaangen ass. D'Konkurrenzautoritéit huet och de Verdacht ausgedréckt, datt d'Bauentreprise sech eens wieren, fir d'Paie bewosst niddreg ze halen, fir esou de Bau ze bremsen an d'Immobiliepräisser an d'Luucht ze drécken
Den OGBL verlaangt e seriöe Kollektivvertrag mat de Patronen am Bausecteur: D'Aarbechter hätten zu deene risege Beneficer bäigedroen. D’Ausgangspositioun war fir Gewerkschafte bis rezent besser. Iert d'Zënse virun engem Joer ugefaangen hunn eropzegoen an de Bau an d’Kris geroden ass, gouf et éischter e Manktem u Main d'oeuvre.