Rout Kaarte fir den Immobiliësecteur

© NICOLAS GUYONNET - Hans Lucas via AFP
D'Konkurrenzautoritéit moolt a ville Beräicher e negativt Bild vum Immobliesekteur a mécht Recommandatiounen.
D'Promoteuren hunn hire Chiffre d'affaires tëscht 2010 an 2020 mat 2,7 multiplizéiert. Den Excédent Brut d'Exploitation, deen de Räichtum géing erëmginn deen erwirtschaft gouf, wier am nämmlechten Zäitraum ëm dat aachtfach gewuess. Allerdéngs ouni, datt d'Zuel vun de gebaute Wunnengen oder vun den Entreprisen am Secteur geklomme wier.
Ënnert anerem dat schreift d'Konkurrenzautoritéit an enger Enquête iwwert de Wunnengsmaart, déi e Mëttwoch publizéiert gouf. D'Autoritéit huet net nëmmen d'Promoteuren, respektiv d’Promotion immoblière ënnert d'Lupp geholl, mä och d'Acquisitioun vun Terrainen, de Bau an d'Commercialisatioun, also och d’Immobilienagencen an esouguer d’Banken an d’Assurancen. Alles aus dem Bléck vum Iwwerwaacher vun der Konkurrenz, also datt d’Reegele vum Marché respektéiert an d'Präisser net verfälscht ginn. D'Autoritéit mécht Constaten a Recommandatiounen.

Ofsproochen?
Et si relativ hefteg Virwërf. D’Konkurrenzautoritéit schléisst net aus, datt de Manktem u Main d'œuvre am Bausecteur dorobber zeréckzeféiere wier, datt d'Employeuren am Secteur sech eens wieren d'Salairen vun den Aarbechter niddreg ze halen: Dat géing nämlech de Bau bremsen an d’Präisser an d'Luucht drécken.
D'Autoritéit schreift dann och, datt d'Promoteure sollen op Konkurrenzreegelen oppassen, notamment datt Ausschreiwungen net manipuléiert ginn. Donieft sollen se oppassen wa se zesummeschaffen oder Informatiounen austauschen, well dat en negativen Effet op d'Präisser hätt.
"Land Banking"
Land Banking ass - graff iwwersat - dat bewosst Zeréckhale vun Terrainen duerch d'Proprietären. D'Auteuren vun der Enquête soen, se hätte keng konkret Fäll ënnert d’Lupp geholl, mee se beruffe sech op d’Etüde vum Fuerschungszenter Liser, dee virun 2 Joer jo sot datt Persounen, déi vill Terrain besëtzen, hir Terrainen esou géing geréieren, datt de Wäert vun dëse weider klëmmt, wat jo an hirem Interêt ass. D'Konkurrenzautoritéit seet ganz einfach: jo d’Spekulatioun dreift d’Präisser an d’Luucht.
Se recommandéiert awer och, datt Gemengen an de Staat hir Prozedure vereinfachen, well Promoteuren dacks hir Terraine musse fréi kafen a laang halen, iert se kënnen drop bauen.
"Bid rigging" a "course à l’enchère"
D’Auteuren vun der Enquête hu festgestallt, datt d’Immobilienagence sech géingen iwwerbidden (d’Autoritéit nennt et "course à l’enchère"). Se recommandéiert, datt de Beruff vum Immobilienagent am Kader vun der Reform vum Nidderloossungsrecht (Droit d’établissement) reguléiert a revaloriséiert gëtt.
D’Konkurrenzautoritéit huet ënner anerem och festgestallt, datt d’Agencen an der Reegel 3% Kommissioun froen. Fir ze garantéieren, datt d’Präisser fräi sinn, recommandéiert se d’Ofschafe vum Reglement vun 1972 deen 3% als Maximum virgesäit.
D’Autoritéit huet och eppes zu de Banke gesot. De Monopol vun de Banken fir "Garanties d’achèvement" ze ginn, wier net konform mat der Verfassung a géing der Aktivitéit vun den Assurancen am Wee stoen. D’Konkurrenzautoritéit recommandéiert dee Monopol ofzeschafen.