Stater GareAffer vun Iwwerfall, dunn och nach de Permis ofgeholl kritt

RTL Lëtzebuerg
E Mann hat um Mëttwoch de Moie Plainte gemaach, well en op der Stater Gare iwwerfall gi wär.

Géint 5 Auer hätt hien eng onbekannt Persoun mat sengem Auto matgeholl, déi hie gefrot hat, hien heemzeféieren. Op der Héicht vun der Rue Charles Six wär hien dunn opgefuerdert ginn, Stall ze halen. De Bäifuerer hätt de Chauffer du mat enger Stéchwaff menacéiert. En zweete Verdächtege wär dobäi komm. De Chauffer wär aus dem Auto gerappt ginn. Déi Onéierlech hätte säi Laptop matgoe gelooss.

De Chauffer koum mat senge Blessure fir eng Kontroll an d’Spidol.

D’Police schreift, dass d’Beamten de Verdacht haten, dass d’Affer ënnert dem Afloss vun Alkohol stoung, wéi si mat him geschwat haten. Den Test war effektiv positiv. A well d’Affer selwer mam Auto op de Policebüro gefuer war, fir Plainte ze maachen, war de Permis fort.

D’Enquête wéinst dem Iwwerfall leeft.

Back to Top
CIM LOGO