LibertéFräiheete ginn ze vill ageschränkt

Pit Everling
Viru 6 Woche sinn d'ADR an de Roy Reding getrennte Weeër gaangen. Zënterhier huet den Deputéierten en neie politesche Mouvement op d'Bee gestallt.
© Didier Weber / RTL

Liberté / Reportage Pit Everling

D’Fräiheet vun de Bierger géing op ville Plaze beschnidde ginn. Dat ass d’Kärausso vun der neier Partei mam Numm “Liberté”, fir déi de Roy Reding 60 Kandidate fir d’Chamberwalen zesummekritt huet. Déi 60 Kandidate wieren dofir och fräi ze denken an ze posten, wat si wëllen, gëtt de Roy Reding ze verstoen.

De Staat wier do, fir dem Bierger ze déngen an net fir de Bierger ze schikanéieren, fënnt “Liberté”. Et kéint net sinn, datt een an enger Gesellschaft lieft, an där ee muss Angscht hunn, fir dat auszedrécken, wat een denkt, seet den nationale Spëtzekandidat Roy Reding.

“Mir fanne jo lo ëmmer rëm, datt Leit poursuivéiert ginn, penal, wéinst soi-disant “hate speech”, wéinst iergendwelleche Posten, déi se gemaach hunn, sief et aus der eegener Fieder, sief et, well se eppes viru leeden. Do schloe mer ganz kloer iwwer d’Sträng.”

All Mënsch ass fräi, dat ze liken an ze lauschteren, wat e wëll

Eng Persoun, déi am Norde fir “Liberté” kandidéiert, huet rezent op Facebook Textzeile vun engem Lidd gepost, vun enger Band, déi an den Ae vum däitsche Verfassungsschutz rietsradikal ass.

“Ech an eis fürend Leit, mir si keng, déi et maache wéi anerer, déi an d’Facebook-Säite vun eise Memberen, Kandidaten a Sympathisante schnoffele ginn”, sou d’Reaktioun vum Roy Reding. Et wier ee keng “Gedankepolice”, heescht et vum Deputéierten.

“All Mënsch ass fräi, dat ze liken an ze lauschteren, wat e wëll, besonnesch wann et ëm Punk-Musek geet. Ech hunn absolut keng Anung, ëm wat fir eng Band oder Text, datt et do geet. Och eng AFD steet ënner Beobachtung vum Verfassungsschutz. Dat heescht fir mech net dat Geréngst.”

“Liberté” gëtt grad opgebaut, d’Struktur hannendrun ass nach net en place. Informatioune fënnt een exklusiv um Facebook-Kanal vum nationale Spëtzekandidat an aktuellen Deputéierte fir d’Sensibilitéit “Liberté Chérie”. Et kéim geschwënn e komplette Walprogramm, dee kuerz a präzis wäert sinn, sou de Roy Reding, deen a senger neier Partei vill méi gesäit, wéi e Mouvement, deen der ADR Stëmme soll ewech huelen.

Vill Kandidate waren anerwäerts politesch aktiv

Liberté / Reportage Pit Everling

All d’Kandidaten hätte sech vu sech aus gemellt an et hätt ee bal an alle Bezierker méi wéi eng Lëscht zesumme kritt. Rekrutement-Aktioune wieren also net néideg gewiescht. Effektiv wiere vill Kandidaten awer virdrun anerwäerts politesch aktiv gewiescht, sou de Roy Reding.

“Mir hunn am Zentrum mam Nico Glod e ganz flotte Kandidat, deen 28 Joer an der CSV war, mir hunn den Giovanni Patri als Spëtzekandidat am Süden, dee bei de Gemengewalen nach fir d’CSV kandidéiert hat. Mir hunn der vun Déi Lénk, de Piraten a mir hunn der och vun der ADR.”

Sou zum Beispill de Guy Arend, dee bei der Sendung “Bauer sucht Frau” dobäi war an 2018 fir d’ADR fir d’Chamberwale kandidéiert hat, oder déi fréier Presidentin vun der Stater ADR-Sektioun, Béatrice Clement, déi lo am Juni nach fir FOKUS an der Stad mat an d’Gemengewale war.

Géigner vun de Corona-Mesuren op der Liberté-Lëscht

Wat opfält ass, datt eng Partie Kandidate wärend der Pandemie ëffentlech als Kritiker oder Géigner vun der offizieller Corona-Politik opgetruede sinn.

“Jo, fürend Persoune vun der Beweegung géint déi restriktiv Regierungs-Moossname si bei eis gelant an ech si frou do driwwer.” Beispiller heifir sinn de Bas Schagen oder d’Chantal Reinert.

En aneren Numm op der Lëscht vu “Liberté” ass dee vun der Sonja Holper, déi bei de leschte Chamberwale mat der Biergerinitiativ “Demokratie” knapp 0,4% vun de Stëmmen am Zentrum an am Süde kritt hat.

A punkto Ziler wéilt een net spekuléieren, sou de Roy Reding. Virgeholl huet ee sech national gesinn 2%, een Deputéierte-Sëtz an eng Lëscht bei den nächsten Europawalen.


Back to Top
CIM LOGO