"Interessekonflikter a Vetternwirtschaft" am Staatsrot
© RTL Archiv
"Dëse Staatsrot gehéiert ofgeschaaft!" Mat deem Titel invitéieren déi Lénk en Dënschdeg op eng Pressekonferenz.
Recherchë vu reporter.lu hätten nämlech confirméiert, datt de Staatsrot eng ontransparent an ondemokratesch Institutioun vum Staat wier. D’Oppositiounspartei schwätzt vun "Interessekonflikter a Vetternwirtschaft".
An engem Artikel vu reporter.lu goufe Membere vum Staatsrot genannt, déi fir grouss Firme geschafft hunn oder nach schaffen. Zum Beispill den Alain Kinsch, dee bis 2020 Managing Partner bei Ernst and Young war oder nach de Patrick Santer, deen ënnert anerem Partner bei Elvinger Hoss ass. Am frappantste wier awer de fréieren LSAP-Minister Lucien Lux, deem seng Firma als eenzege Client de Geschäftsmann Flavio Becca huet. Hien huet och am Juli virum Vott iwwert en Avis zu engem Gesetzprojet den Avis un de Flavio Becca geschéckt. An zwar den Avis zum Gesetzprojet, dee reegelt, a wéi engem Kontext privat Praxissen IRMe kënnen operéieren - e Projet, deen de Becca interesséiert.
De Lucien Lux erkläert, datt deen Dag per Email iwwert den Avis ofgestëmmt gouf a wéi hien d’Mail un de Becca geschéckt huet, hätt hie vergiess, datt de Vott réischt den Dag drop wier. De Lux gesäit de Feeler an a sot, hie géing sech beim President vum Staatsrot entschëllegen. Dat ass de Christophe Schiltz, deen ëmmer d’Onofhängegkeet vu senger Institutioun garantéiert huet. Potentiell Interessekonflikter géingen intern gereegelt ginn.
De Lucien Lux betount RTL géintiwwer, dass wéi hie 4 Stonne virun der Publikatioun den Avis verschéckt huet, souwuel hien, wéi eng Majoritéit iwwer Mail schonn ofgestëmmt haten an eng Aflossnam op den Avis souwisou net méiglech war.
Doriwwer eraus ass den Avis net an d'Richtung vun enger Liberaliséierung gaangen, wéi vu privater Säit gefuerdert, wat wuel weist, datt eventuell Amëschunge vu baussen net zum Zuch komm sinn.