Deontologie-Comité gëtt saiséiert
D’Presidence vum Staatsrot huet RTL-Informatiounen no den Deontologie-Comité saiséiert.
Dat nodeems de Member vum Staatsrot Lucien Lux Informatiounen un de Geschäftsmann Flavio Becca weiderginn huet. De President vum Staatsrot de Christophe Schiltz wëll op Nofro hin d’Affär net kommentéieren.
De Comité de déontologie, deen am Gesetz vun 2017 iwwert d’Organisatioun vum Staatsrot entstanen ass, besteet aus externe Leit. Dat sinn d’fréier iewescht Riichterin Marie Paule Engel an déi fréier héich Beamten Albert Hansen a Pierre Mores.
Jee nodeem wat den Deontologie-Comité decidéiert, kann de Staatsrot e Member verwarnen oder eng Rüg ginn an temporär ausschléissen. E kann awer och esou wäit goen, an dem Grand-Duc proposéieren, de Member ofzesetzen. De Member kann um Verwaltungsgeriicht géint d’Decisioune virgoen.
Wéi Reporter.lu d’lescht Woch gemellt hat, hätt de fréiere LSAP-Minister am Juli sengem eenzege Client, dem Flavio Becca, den Avis iwwert e Gesetzprojet weiderginn, deen de Geschäftsmann interesséiert, iert de Staatsrot iwwert den Avis ofgestëmmt huet.
Beim Gesetz huet et sech ëm dee gehandelt iwwert d’IRMen a private Praxen, an de Becca probéiert zanter enger Zäit esou eng um Ban de Gaasperech ze kréien. De Lucien Lux huet dem reporter.lu géigeniwwer schonn de Feeler zouginn a gesot, hie géing sech beim Staatsrot dofir entschëllegen. Hien huet awer och erkläert, datt de Vott iwwert Email gewiescht wier an hien hätt vergiess, datt de Vott eréischt den Dag drop wier.
Hien ënnersträicht och, datt den Avis vum Staatsrot um Enn guer net zugonschte vun Investisseuren oder privaten IRMe war.
Déi hätte sech eng Oppositioun formelle gewënscht, mee déi krute se net. De Lucien Lux verséchert donieft, datt hie virun 10 Joer dem Staatsrot formell matgedeelt hätt, datt hien e Beroder-Kontrakt mam Flavio Becca huet an dowéinst sech bei Avisen iwwert de Bau oder de Logement géing ganz eraushalen.
De Lucien Lux war Ufanks 2014 Member vum Staatsrot gi fir säi Parteikolleeg Dan Kersch do z’ersetzen, deen an d’Regierung koum. Dem Lux säi Mandat leeft – de Reegele vu virun 2017 no – 15 Joer also bis 2029.
Déi Lénk hunn de Moien op enger Pressekonferenz vun Interessekonflikter a "Vetternwirtschaft" am Staatsrot geschwat. An hiren Ae gehéiert déi héisch Kierperschaft - an hirer aktueller Form – ofgeschaaft.