De Staatsrot wier net transparent, ze vill politiséiert a géing d'Interesse vun enger gehuewener Gesellschaftsschicht vertrieden.

Där Meenung sinn déi Lénk, déi en Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz gefuerdert hunn, datt de Gremium, wéi en elo existéiert, ofgeschaaft gëtt.

Déi Lénk géingen de Staatsrot a säi Fonctionnement scho laang a Fro stellen, och wann d'Revelatioune vu reporter.lu ronderëm de Lucien Lux an de Flavio Becca besonnesch schockant wieren.

D’Online-Noriichteportal hat d’lescht Woch gemellt, datt de Staatsrotmember Lucien Lux sengem Geschäftspartner Flavio Becca en Avis weider geschéckt huet, iert dëse publizéiert gouf. Et goung dobäi ëm den Avis zum Virage ambulatoire, deen de Promoteur aus geschäftleche Grënn wuel interesséieren dierft.

Et misst ee sech d’Fro stellen, ob et sech hei net ëm oppe Korruptioun géing handelen, esou de Marc Baum vun déi Lénk.

De Marc Baum vun Déi Lénk

"Ech mengen, datt de Parquet wierklech misst enquêtéieren, ob dat do net offe Korruptioun ass. Wann een 300.000 Euro vun engem Client kritt an et gëtt een deem enge Client en Avis virun der Zäit weider, ob dat net offe Korruptioun ass. Dat ass net um mer ze tranchéieren, mee ech mengen, datt do wierklech de Parquet awer misst saiséiert ginn. Ech mengen d'ailleurs och[...], datt wann de Lucien Lux e fonken Éier an der Panz hätt, misst e selwer demissionéieren aus dem Staatsrot."

Et géinge sech awer och bei anere Member Froen zu Interessekonflikter stellen. D'Argumentatioun vun der Justizministesch an dem President vum Staatsrot géigeniwwer Reporter kann den David Wagner net novollzéien.

"'Mir sinn e klengt Land, et ginn hei nach just ganz wéineg Leit, déi iwwerhaapt iwwert déi Kompetenze verfügen an esou weider.' Éischtens, ass dat net wouer, ganz einfach, et ginn net just e puer wéineg Leit, déi iwwert déi Kompetenz verfügen, mä do mierkt een och, wat hir Mentalitéit ass. Dat ass u sesch eng bëssen eng bourgeois Mentalitéit, fir ze soen, u sech kompetent Leit, dat sinn nëmmen déi 200 Persounen, déi an der ekonomesch, finanzieller oder administrativer Elite sinn an déi aner kéinten dat net maachen."

De Staatsrot misst fir déi Lénk e consultative Gremium vun der Chamber an net der Regierung sinn. D'Hallschent vun de Member misste vun der Chamber designéiert an déi aner Hallschent aus der Zivilgesellschaft kommen, fuerdert de Marc Baum.

"Fir eng gréisst méiglech Impartialitéit ze garantéieren an evidenterweis sollen all déi Leit, déi an dem Staatsrot sëtzen, mussen deklaréieren, wat hir Verdéngschter sinn, wou déi Verdéngschter hierkommen, och wat hire Patrimoine ass, mir sinn och der Meenung, datt Deputéierten dat missten deklaréieren."

Beim Fall Lucien Lux sinn déi Lénk der Meenung, datt de Staatsrotmember misst zrécktrieden a fuerderen eng disziplinaresch Prozedur. De Staatsrot wier der Ëffentlechkeet Transparenz schëlleg.

"U sech huet de Staatsrot ëmmer seng Credibilitéit, seng Autoritéit huet dorobber berout, datt e justement sou e bëssen als e Conseil des sages e bëssen duergestallt gouf, mä a Wierklechkeet e gläicht en jo éischter engem e Cercle Munster, ouni Zigaren an ouni Cognac." Esouwäit den David Wagner vun déi Lénk.

Kritik vun déi Lénk um Staatsrot / Reportage Fanny Kinsch