
Aus diverse Grënn koum een awer net sou gutt viru wéi geplangt an et gouf kee Referendum organiséiert. De Fusiounsprozess sollt am Fong am September relancéiert ginn, ma een Treffe vun de Schäfferéit gouf elo awer op den Zäitraum no de Chamberwale verréckelt.
Eng Partie vun de frëschgewielte Lokalpolitiker wëll et den 8. Oktober och op nationalem Niveau wëssen, dorënner d’Buergermeeschtere vun Dikrech a Schieren, de Charel Weiler op der CSV- an den Eric Thill op der DP-Lëscht. Ma wann een deenen zwee gleewen duerf, ass dat awer net de Grond dofir, datt een de Rendez-vous verréckelt huet. Dat wier vill méi dorobber zeréckzeféieren, datt sech déi nei Gemengeréit réischt aschaffe missten an dat an der Summervakanz net wierklech méiglech gewiescht wier. Och wa scho Viraarbecht geleescht gouf, muss een dem Eric Thill no d’Finanzen awer nach eng Kéier op de Leescht huelen.
“Et ass och eng Kéier de finanzielle Volet vun deene fënnef Gemengen op de Leescht geholl ginn, dat iwwert de SIGI. Dat gëllt et och lo nach eng Kéier ze analyséieren, och dat up to date ze setzen, well ech ka mer virstellen, datt do an deene leschten dräi Joer a verschiddene Gemengen awer och vill geschitt ass. Do muss een dann och kucken, wat d’Prioritéite vun deene neie Schäfferéit an de Gemenge sinn, ob dat nach ëmmer déi nämmlecht sinn.”
Hie geet dervun aus, datt nach all Schäfferéit fir eng Fusioun sinn. Zu Dikrech hat sech de José Lopes vun der DP am Walkampf jo géint een Zesummegoen zu fënnef d’ausgeschwat. Ma dem Charel Weiler no huet sech dat an de Koalitiounsgespréicher awer gekläert.
“Jo also mir hunn dat mam Här Lopes a mat der DP esou vereenbaart, datt mer de Wee zu fënnef wëlle goen. Mir mussen elo natierlech eng Bestandsopnam maachen, an ech wëll dem Gemengerot elo awer net virgräifen. Mir treffen eis lo tëscht Schäfferéit, da gi mer an de Gemengerot, da muss sech Dikrech och positionéieren. Dat war bis elo ëmmer unanime, datt mer pro Nordstad zu fënnef sinn.”
Wat eng méiglech Zäitschinn ugeet, mengt den Ettelbrécker LSAP-Buergermeeschter Bob Steichen, datt eng Fusioun schonn zur Mëtt vun der Legislatur éischter schwiereg dierft ginn. Hie weist sech awer optimistesch, datt et bis 2029 klappe wäert. Dat soll och net de Sträit ronderëm déi ominéis Wandmille bei Bierden verhënneren.
“Wéi bis kloer war, datt de Site kéint a Fro kommen, ass awer och dee Moment mam Schäfferot vun Ierpeldeng geschwat ginn. Dee Moment war vläicht nach net gewosst, datt do sou eng Oppositioun entstoe kéint, dat maach sinn, natierlech. Mä dat ass eent vu villen Themen, dat ee lo bei deene Reunioune muss uschwätzen a wou ee mat deene Leit kucke muss, wat déi gemeinsam Virgoensweis ass.”
Beim Treffen am Oktober dierft deene 15 Membere vun de fënnef Schäfferéit de Gespréichsstoff deemno net sou séier ausgoen.