Zwee Dokteren, 60 Joer AltersënnerscheedWéi steet et ëm den Nowuess an der Medezin?

Monica Camposeo
An den nächsten 10 Joer kéinte ronn zwee Drëttel vun den 2.000 Dokteren hei am Land an d'Pensioun goen.
© Monica Camposeo / RTL

Wat den Nowuess ugeet, kéimen 30 Prozent vun de Medezinstudenten no hirer Formatioun am Ausland net méi zeréck op Lëtzebuerg.

Zanter 60 Joer schafft d’Dokter Theisen als Kannerdoktesch. D’Praxis zu Diddeleng ass och am Spéitsummer gutt besicht. D’Dokter Theisen denkt net un d’Pensioun. Anescht ass dat awer fir vill aner Dokter hei am Land. D’Hallschent vun de Medezinner huet nämlech iwwer 53 Joer. D’Mentalitéit hätt sech och vill verännert, esou d’Kannerdoktesch. 40 Joer laang wier si Dag an Nuecht disponibel gewiescht. Haut wieren och Hausvisitten net méi Usus.

Allgemeng gëllt dowéinst, dass fir 2 Dokteren, déi an d’Pensioun ginn, 3 jonk Professioneller missten nokommen. De Simon Van Hauwermeiren ass nach kee vun hinnen. No senge Studien an der Belsch schafft hien elo an der Schwäiz. Den engagéierte Generalist fënnt et interessant, ënnerschiddlech Krankheetsbiller ze gesinn an am Ausland Erfarung ze sammelen. Hie schléisst net aus, eng Kéier op Lëtzebuerg zeréck ze kommen, ma och bei ville vun senge Studiekollegen hätt hie gesinn, dass d’Leit net seelen do géinge bleiwen, wou si studéiert hunn. Sief et, well si e Partner oder eng Partnerin fannen oder well si de System kennen an duerch e Stage Fouss gefaasst hunn. Fir den Dokter Van Hauwermeiren wier et dacks och esou, dass d’Medezinsstudenten de Stage an hirem Studieland maachen an doduerch de System zu Lëtzebuerg guer net géinge kennen.

Penurie bei den Dokteren Deel 1 / Monica Camposeo

Mam Medezinstudium hei am Land d’Penurie an de Grëff kréien?

Dofir ass et och vun der Politik d’Iddi, d’Formatioun zu Lëtzebuerg unzebidden. De Bachelor ass zanter 2020 schonn op der Uni.lu méiglech. Dëse Summer hunn déi éischt 13 Studentinnen a Studenten hire Bachelor an der Médecine Générale ofgeschloss. E Master steet am Raum, mä wier dat d’Léisung?

Penurie bei den Dokteren Deel 2 / Monica Camposeo

Fir den Dokter Van Hauwermeiren wier dat e gudden Usaz. Ma hie gëtt awer och ze bedenken, dass zu senger Zäit de Stage hei am Land méi schlecht bezuelt war wéi an der Belsch. Antëscht wier dat zwar adaptéiert ginn, esou de jonke Generalist. Ma allgemeng géinge sech déi Jonk wéinst den héije Präisser vill Suergen ëm d’Wunnsituatioun maachen. Och dat spillt eng Roll, wann een de Choix trëfft, zeréck op Lëtzebuerg ze kommen oder am Studieland ze bleiwen.

Fir d’Dokter Theisen misst de Beruff awer allgemeng méi promovéiert ginn. Eleng de Studium hei am Land wier net d’Léisung. D’Kannerdoktesch ass och der Meenung, dass net de ganze Studium hei am Land sollt ugebuede ginn, well eng Erfahrung am Ausland ëmmer vu Virdeel wier. Fir all Spezialisatioun wier Lëtzebuerg dann awer ze kleng.

Mä um System kéint een eventuell Adaptatioune maachen. D’Ufuerderunge, wat d’Notten ugeet, kéint een iwwerdenken, fir méi interesséierte Leit d’Ausbildung ze erméiglechen.

Et sinn deemno eng ganz Rei Stellschrauwen, un deene kéint gedréint ginn. Op jidder Fall misst eppes geschéien, fir der Penurie entgéintzewierken.

Back to Top
CIM LOGO