Reaktioun op onverännert WaardezäitenPresident vun der CNS net sécher, ob et un IRMe feelt

RTL Lëtzebuerg
Trotz Rendez-vousen um Weekend an engem zousätzlechen IRM um Potaschbierg sinn d'Waardezäite fir net-urgent IRM Rendez-vousen net wesentlech erofgaangen.

Aktuell hu mer 12 IRMen am Land, wann de Centre Hospitalier du Nord säin neie bis kritt, sinn et der 13. Bei der Gesondheetskeess ass een awer net sécher, ob et un IRMe feelt. Wéi de President vun der CNS, de Christian Oberlé erkläert, hätt een eng Analys vun deem, wat verschriwwe gëtt, ugefrot. Dat fir sécher ze goen, dass d’Offer keng Demande kreéiert, déi net justifiéiert ass.

Iwwerdeems géifen antëscht och vill Net-Residenten op Lëtzebuerg kommen, fir hei en IRM gemaach ze kréien. Dat géif weisen, dass d’Waardezäiten an den Nopeschlänner net méi kuerz wieren.

Dem Christian Oberlé no dierft d’Offer keng onjustifiéiert Demande kreéieren

Observatiounen, déi schonn op 2022 zréckginn. Et wär berechtegt, datt d’Assuréen déi am Ausland wunnen, heihinner an den IRM kéimen, seet den CNS-President. Et misst een awer elo den Impakt kucken. Ausserdeem géif een och mierken, datt manner Lëtzebuerger fir en IRM an d’Ausland géife goen. Fir eng optimal Auslaaschtung vun den IRMen hätt d’CNS gär eng zentraliséiert Plattform, déi d’Rendez-vousen an alle Spideeler regroupéiert. Réischt dann hätt een den Iwwerbléck a kéint eng komplett Analys maachen. Eventuell kéint een dann souguer d’IRM-Plagen um Weekend nees zréckfueren.

Eventuell léint een d’plagen um Weekend nees zeréckfueren / Christian Oberlé

Vun enger nationaler, zentraliséierter Plattform fir Rendez-vousen fir IRMem, Mammografien oder Scanner, wier een awer nach wäit ewech, heescht et vu Säite vun der Spidolsfedereatioun. Eenzel Spideeler hätte mol intern nach eng keng esou Plattform fir déi eege Rendez-vousen.

Trotz neie Plagë fir Rendez-vousen D’Waardezäite bei den IRMen sinn net erofgaangen

Back to Top
CIM LOGO