Déi nei Plage fir Rendez-vousen um Weekend wären an alle Spideeler relativ gutt ausgelaascht, seet den Dokter Marc Berna. De Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman schwätzt hei a senger Funktioun als Administrateur vun der Spidolsfederatioun FHL. Zuel vun den Ënnersichunge wäre doduerch signifikativ an d’Luucht gaangen.
4.000 IRM-Ënnersichunge méi, ma keen Effet op d’Waardezäiten
Lo kéint ee mengen, datt d’Waardezäit fir e Rendez-vous erofgaange wier. Am CHL ass dat net de Fall. doduerch, dass déi 3 IRMen Samschdes op sinn, konnte bis Enn Juli eng 500 Ënnersichunge méi gemaach ginn. Mam IRM Potaschbierg, dee jo zanter Januar ënnert enger Konventioun mam CHL leeft, sinn et am Ganze souguer ronn 4.000 IRM Ënnersichunge méi, wéi an der selwechter Period zejoert.
“A malgré tout gesäit een, datt awer keng Diminutioun vun den Delaien ass”, seet d’Dokter Martine Goergen, Directrice médicale vum CHL. “Wat d’Offer méi grouss gëtt, wat d’Demande méi grouss gëtt.”
D’Waardezäit fir e Rendez-vous, deen net als Urgence markéiert ass, läit am CHL bei tëscht 30 a 50 Deeg.
Zu Esch-Uelzecht am CHEM sinn d’Delaie bei 30-40 Deeg. Zanter Juni bitt ee Samschdes a Sonndes Rendez-vousen un. Am ganzen 30 méi pro Woch wéi virdrun. D’Waardezäit fir déi net urgent IRMen wär doduerch fir verschidden Organer verkierzt. Fir anerer allerdéngs e bësse geklommen. Dat probéiert ee lo unzepassen, seet de Generaldirekter Dokter René Metz a betount: “Wann ee vu Waardezäite schwätzt, ass dat komplizéiert. Wat Leit interesséiert ass: ginn déi Examen déi urgent sinn, ginn déi och urgent gemaach?”
Et géife verschidden Niveaue vun Urgencen. Déi Patienten, déi a manner wéi 12 Stonne missten drukommen, dann déi déi bannent 3 Deeg en IRM misste gemaach kréien. Dës géifen an den Delaien ënnersicht ginn, seet den Dokter Metz. Och am CHL berécksiichtegt een déi verschidden Niveaue vun den Urgencen.
Punkto Urgencë schéngen déi zousätzlech Rendez-vousen fir en IRM awer sënnvoll, erkläert de Marc Berna: “Ongeféier een Drëttel vun de Patienten, déi um Weekend ënnersicht ginn, si Patienten, déi dréngend e Rendez-vous gebraucht hunn.”
An de leschte 5 Joer ass Zuel vun IRM-Apparater an de Spideeler vu 7 op 12 geklommen. Wann de Centre Hospitalier du Nord deemnächst säin 3. Apparat kritt, sinn et der esouguer 13. De CHL plangt iwwerdeems, fir an der Eecher Klinik een zousätzlechen IRM ze installéieren.