Dëse Sonndeg ass et d'Suite vun eiser Serie, an där Politiker vu verschiddene Parteien d'Froe vun den RTL-Kannerreporter beäntwerten.

Firwat kommen d'Busser ëmmer ze spéit? Wat bedeit de Parteinumm vun de Piraten? A wëll de Xavier Bettel eigentlech Premier bleiwen?

Dat si Froen, déi eis Kannerreporter ënner anerem de Politiker aus 7 Chamberparteien an der Emissioun "Kleng freet Grouss" gestallt hunn.

Kleng freet Grouss mam Xavier Bettel
An dëser Episod gëtt de Xavier Bettel vun der DP vun de Kannerreporter Charel, Maxime a Lionel interviewt.

De Xavier Bettel äntwert dem Charel an dem Maxime op hir Froen. An hirem Interview geet et ëm den ëffentlechen Transport, dem Xavier Bettel seng Ufäng a seng Pläng fir d’Zukunft.

"Ech bleiwen am léifste Premier, wann s du mir d’Fro stells", seet de Xavier Bettel.

De Ben Polidori geet déi éischte Kéier mat an d’Walen an ass och déi éischte Kéier an engem Fernseeinterview. D’Giusi an d’Lou hu probéiert esou vill wéi méiglech am Viraus iwwert hiren Interviewpartner um Internet rauszefannen, hunn awer guer net esou vill fonnt. Dofir froe si, wat wéilt de Ben Polidori dann, dass een a 5 Joer iwwert hie fënnt?

Kleng freet Grouss: Ben Polidori
An dëser Episod ass et un de Piraten. D'Giusi an d'Lou interviewen de Ben Polidori, Spëtzekandidat am Norden.

"Ech wëll mech gären asetze fir déi sozial méi schwaach an der Gesellschaft", donieft interesséiert hien och d’Familljepolitik.

D’lescht Woch war d’Sam Tanson am Interview an huet mam Maxime a mam Charel iwwert Themen Ëmwelt an Täschegeld geschwat.

An d’nächst Woch ass et un de Spëtzekandidatinne vun der LSAP an Déi Lénk.

Kleng freet Grouss leeft ëmmer moies um 9 Auer an owes um 18.45 op der Tëlee. Oder et kann een et awer am RTL Play nokucken.

Eis Kannerreporter stelle sech vir!

Lionel Ribeiro, 12 Joer

Hallo, ech sinn de Lionel, meng Frënn nenne mech och Lio. Am léifste spillen ech a menger Fräizäit Fussball, këmmere mech ëm mäin Hond a reesen och richteg gären. Spéider géif ech gären eng Kéier Profi-Fussballer ginn oder Journalist.

Mäi Motto: Ni opginn, ëmmer dru gleewen.

Julie Ludwig, 12 Joer

Ech sinn d’Julie an a menger Fräizäit liesen an turnen ech gären. Wat ech net gären hunn, ass wa Leit onéierlech sinn. Wann ech mir Superkräften eraussiche kéint, da géif ech mech am léifsten onsiichtbar maachen. Mäin Dramberuff wär et, Historikerin ze ginn.

Mäi Motto: Stief mat Erënnerungen, net mat Dreem!

Ivan Caramuta, 13 Joer

Moien, ech sinn den Ivan an a menger Fräizäit spillen ech gäre Fussball. Wat ech net esou gären hunn, ass botzen! Wann ech ee Superheld wär, da kéint ech fléien a mäi grousse Wonsch ass et, eng Kéier eng Schräinerei opzemaachen. Wann ech grouss sinn, ginn ech gären eng Kéier Schräiner.

Mäi Motto: Ni opginn!

Charel Schiltz, 13 Joer

Hallo, ech sinn de Charel oder wéi ech och heiansdo genannt ginn: de Charel vun Arel. Ech interviewen a menger Fräizäit Museker an interesséiere mech allgemeng fir Musek a Radio maachen. Mäi gréisste Wonsch wär et, och e richteg gudde Mikro ze besëtzen. Spéiderhi wär ech gären e Radiosmoderator oder géif soss eppes am Beräich Medie maachen.

Mäi Motto: Kuck, dass de eens gëss.

Maxime Entringer, 12 Joer

Moien, ech sinn de Maxime “Maxu” Entringer a meng Hobbye si Fussball a Musek. Mäi gréisste Wonsch wär et, eng Kéier e Fussballstar ze ginn. Mee op ech spéider Schauspiller, Journalist oder awer vläicht Polizist wëll ginn, weess ech nach net.

Mäi Motto: Wann et der gutt geet, da gëff ëmmer 100 Prozent.

Lou Beltramini, 12 Joer

Hallo, ech sinn d’Lou Beltramini. Meng Frënn nenne mech Loup-Garou oder Louchen. Meng Hobbye sinn Tennis spillen, danzen, liesen an zeechnen. Besonnesch gär hunn ech Schnéi, gutt Wieder a Musek. Wann et awer ze waarm ass, hunn ech dat guer net gär, esou wéi och Leit, deenen een net traue kann.

Mäi Motto: Vertrau kengem. / Morgen ist auch noch ein Tag.

Giusi Carenza, 13 Joer

Ech sinn d’Giusi! Mäin Hobby ass Reiden a wat ech guer net gär hunn, ass wa Leit agebilt sinn. Wann ech mir eng Superkraaft kéint aussichen, wéilt ech gäre Gedanke liesen. A mäi gréisste Wonsch wier et, nach emol an engem Film matzespillen. Spéider wéilt ech gäre Schauspillerin sinn, oder eng Firma grënnen.

Mäi Motto: Wéi een an de Bësch rifft esou schaalt et zeréck.

Zoé Valente, 13 Joer

Moien, mäin Numm ass Zoé Valente. Meng Hobbye si Japanesch léieren, Videospiller spillen an zeechnen. Ausserdeem këmmeren ech mech gär ëm meng Hënn. Mangaen, Tarte Flambée an Dokuen hunn ech besonnesch gär. Spannen awer guer net! A mengem Dramberuff wëll ech eng Kéier eppes mat Geschicht oder Mythologie maachen, ganz genee weess ech dat nach net, mee an deem Genre.

Mäi Motto: Am Liewen ass et wichteg, dass een sech duerchsetzt an net direkt opgëtt. D’Liewen ass e Kampf, et muss ee kämpfe fir weiderzekommen.


Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht