Leit ouni en Dag iwwert dem Kapp eng zousätzlech Méiglechkeet bidden, an engem Bett ze schlofen – dat ass de But vun enger neier Initiative vun Inter-Actions, zesumme mat Familljeministère an der Stad Lëtzebuerg. Deemnächst wäert direkt hannert der Hollerecher Kierch en ëmgebaute Killcamion stoen, an deem iwwer Nuecht, Plaz ass fir 8 Leit. Heimatter entsteng eng weider Struktur, an der sozialer Offer vu Stad a Land.
Hannert Parzellen ongenotzte Bauland an an d’Enceinte vun der Hollerecher Kierch, also direkt hannert d’Gebai, kënnt déi Struktur stoen. U sech ass et eng Remorque, déi a Frankräich ëmgebaut ginn ass, déi op Rieder steet, an do net einfach esou eleng stoe gelooss gëtt.

Den Edvard Skrijelj, Direkter Inter-Actions erkläert, dass de Projet Premier Appell, deen nuets duerch d’Stroosse vun der Stad Lëtzebuerg aktiv ass, kuckt wien do nach dobausse läit, an deenen dann eng Propos mécht, fir iwwer Nuecht en ënnerdaach ze kréien. 8 Leit kënnen an där Remorque iwwernuechten. Well se weiderhin op Rieder ass, ka se zu all Ament geréckelt an op eng aner Plaz gefouert ginn.
Den Opbau: Better iwwereneen, Lavabo, Douche an Toilette, d’Remorque huet dat néidegst an ass och just nëmmen nuets op.

En Educateur bleift vun 19 bis 22 Auer, geschafft gëtt am Roulement. Bis 3 Auer ass dann ëmmer nach en aneren Educateur op der Plaz, fir sécher ze stellen, dass alles esou ofleeft, wéi ee sech dat virstellt... ouni Kaméidi zum Beispill. Déi ganz Nuecht iwwer ass dann och eng Security-Firma an der Géigend, déi fir d’Sécherheet suergt.
Mat dëser weiderer Struktur soll och probéiert ginn, méi Iwwersiicht iwwert dësen Eck tëscht Gare an Hollerech ze kréien.
Et wéisst ee wat do d’Problemer sinn, a wann ee gären hätt, dass d’Leit aus den Entréeë vun de Butteker fort bleiwen, da misst een hinnen och Alternativen ubidden, esou d’Corinne Cahen. Et misst een dann och do present sinn, wou d’Leit sinn, wann ee se iwwerriede wëll matzekommen. Et gëtt z.B. Problemer mat wëllem Camping... d’Problemer wiere villfälteg, da missten d’Léisungen och villfälteg sinn, esou d’Corinne Cahen weider.

D’Locatioun Remorque iwwerhëlt d’Famille, d’Plaz bei der Kierch gehéiert der Gemeng, déi sech och ëm d’Uschlëss këmmert. Dass dat eleng net duergéing, fir all d’Problemer op der Gare ze léisen, weess d’Schäffen.
Iwwregens: E Samschdeg 8-Deeg ass d’Maniff vun de Garer Awunner a Geschäftsleit.