Ënnert dem Wuert Demenz versteet een en Iwwerbegrëff fir krankhaft Verännerungen um Gehier, déi sech duerch ënnerschiddlech Symptomer bemierkbar maachen.
Wärend déi eng hir Sprooch, hiert Zäitgefill oder hiren Orientéierungssënn verléieren, äussert sech d’Krankheet bei aneren duerch Stëmmungsschwankungen an Depressiounen. Am heefegsten ass allerdéngs d’Gediechtnes betraff.
“Dat kann bis zu enger Onfäegkeet eleng ze liewe goen. D’Leit hunn dat joerzéngtelaang hikritt a bemol geet et net méi. Dat ass eng onheemlech Beanträchtegung fir de Patient”, erkläert den Prof. Dr. Pierre Kutter, deen zanter 2008 als zougeloossenen Dokter am Wunn- a Fleegeheem “Beim Goldknapp” vun der Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun (ALA) zu Ierpeldeng schafft.
An der Fuerschung wiere mer leider nach net wäit. Eng Heelung gëtt et nämlech net, just Therapien, déi sech d’Symptomer manner séier entwéckele loossen. Haaptsächlech misste mer awer mat de Symptomer liewe leieren.
Ëmmerhin wësse mer an der Tëschenzäit wat d’Risikofacteure sinn, fir un enger Demenz ze erkranken. Stéchwuert Demenzpreventioun. Alles wat eisem Kierper schued, ass nämlech och schiedlech fir eist Gehier. Nieft dem Alter, sinn virun allem Leit mat Iwwergewiicht, Leit mat héijem Bluttdrock a Leit déi fëmmen éischter vun enger Demenz betraff wéi anerer.
Et gëtt geschat, dass zu Lëtzebuerg ronn 8.000 Leit mat enger Demenz liewen, Tendenz steigend. Bis 2050 soll dës Zuel op ganzer 19.000 klammen, sech also méi ewéi verduebelen.
D’Gaby Flick-Langers ass mat hiren 58 Joer nach eng relativ jonk Demenzpatientin a wunnt am Wunn- a Fleegeheem vun der Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun (ALA) zu Ierpeldeng. Den Eugène Kass-Simon profitéiert vun den ambulante Servicer vun der ALA a geet zwee Mol d’Woch an en Dagesfoyer.
E Samschdeg ass op der Place Clairefontaine an der Stad dann och nees den alljärleche Memory Walk wou d’Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun iwwert d’Krankheet opkläert an iwwer hir Servicer informéiert.