Um fréien Donneschdegowend hat d'Police eng gréisser Drogen- a Kriminalitéitskontroll am Garer Quartier an der Stad duerchgefouert.

Am Ganze goufen 21 Persoune kontrolléiert. Bei zwou vun hinne goufe geréng Quantitéite vun Droge fonnt. Géint eng vun hinne gouf en Avertissement taxé verhaangen a géint déi aner gouf eng Plainte beim Parquet gemaach.

D'Drogen, 2 Handyen a geréng Zomme Boergeld goufe saiséiert.

Insgesamt waren 19 Polizisten a Polizistinnen vu verschiddene Policebüroen a vun der Hondsstaffel um Asaz bedeelegt. D'Stroossen, an deene kontrolléiert gouf, ware wärend dem Asaz fir den Trafic gespaart.