Héich Präisdeierecht riskéiert, zu méi Iwwerverschëldung ze féieren
Fir ze verhënneren, datt ëmmer méi Leit duerch de wirtschaftleche Kontext a finanziell verzweiwelt Situatioune kommen, muss ee lo op d'Preventioun setzen.
Esou heescht et aus de Servicer vun der Ligue Medico-sociale a vun Inter-Actions, déi fir d'Iwwerverschëldung zoustänneg sinn. All Joer kommen e puer Honnert Leit zu Lëtzebuerg aus ënnerschiddleche Grënn an d'Lag, datt si esou vill privat Scholden hunn, datt si net méi eleng draus eraus kommen. Nach gesäit ee keng staark Hausse vun de Fäll, ma déi riskéiert nozekommen. Anescht wéi bei anere soziale Servicer hätt ee bei der Iwwerverschëldung e gewëssenen Decalage par Rapport zu de Krisen, sou de Christian Schumacher, Chef vum zoustännege Service bei der Ligue médico-sociale.
"Wann ech zeréckblécken op d'finanziell Kris vun 2008, déi hu mir 2010, 2011 eréischt reell gespiert. Firwat, mer sinn e ganz spezialiséierte Service an éier Leit bei eis kommen, dat kann ee sech praktesch wéi eng Triichter-Form virstellen, gi se anerwäerts Hëllef sichen."
D'Iwwerschëldung wier ëmmer nach en Tabu-Thema, sou datt d'Leit eréischt kéimen, wann et richteg schlëmm wier, confirméiert och de Sacha Breuer, Direktiounsmember bei Inter-Actions. Souwuel bei Inter-Actions, wéi och bei der Ligue sinn déi grouss Majoritéit (88, respektiv 86 Prozent) vun de Leit déi sech melle Locatairen. Am meeschte vertruede wieren iwwerdeems Akommes bis zu 3.600 Euro, sou de Sacha Breuer.
"Mir erwaarden eis awer e bëssen, en vue vun der Situatioun mat der Präisdeierecht a mat der Erhéijung vum Leetzëns, eng gewësse Verännerung, wat elo, ech soe mol den typesche Profil ugeet, dass mer vläicht e bësse méi Proprietäre wäerten hunn, dass mer vläicht och méi Leit hunn, déi an den héijen Akommes-Segmenter erëmzefanne sinn."
An der Aarbecht un den Dossiere mierkt een och elo schonn Ënnerscheeder, esou d'Christiane Carvalho, Assistante sociale bei Inter-Actions. Et géing méi dacks um Enn vum Mount näischt méi iwwreg bleiwen an de Budgete vun de Leit, sou dass een domat misst ufänken d'Zréckbezuele vun de Scholden ze suspendéieren, also mat engem Moratoire.
"Dëst Joer hu mir 16 Moratoirë gehat, par Rapport zu lescht Joer si mir bei 6 Moratoiren. Dat heescht, et mierkt ee schonn den Ënnerscheed a mir sinn eréischt September, dat heescht, et ass awer schonn eng ganz grouss Differenz do."
Wéi evitéiert een an eng schlëmm Situatioun ze kommen? Wichteg wier et sech opzeschreiwen an den Iwwerbléck ze halen, wat een ausgëtt, réit de Christian Schumacher vun der Ligue a wann et nëmme geet ze spueren.
"Effektiv gesi mir och hei am Surendettement Leit, wou de Surendettement praktesch ugeet, wann d'Wäschmaschinn oder d'Spullmaschinn futti fiert, dass dat schonn eng Depense ass, déi praktesch net méi ze packen ass. An do si mer dann och bal erëm indirekt bei de Kreditter an der Belsch, wou se dann an iergend ee Supermarché ginn, wou se esou eppes à credit finanzéieren. Dat muss ee wëssen, dass déi belsch Kreditter net nëmmen d'Banken an der Belsch sinn, dat kënnen och en Autoskaf zu Lëtzebuerg, an enger Garage sinn, dat kann och en Toaster an engem Supermarché sinn."
Dëst Joer gouf et déi éischt national Sensibiliséierungscampagne duerch d'Ligue, Inter-Actions an de Familljeministère, sträiche béid Associatioun ervir, wouduerch och scho méi Leit op d'Servicer opmierksam gi wieren.
Wann Dir selwer Hëllef braucht, fannt Dir all Informatiounen op https://ligue.lu/service-dinformation-et-de-conseil-en-matiere-de-surendettement an https://dettes-net.lu/