A Presenz vum Minister fir d’Mobilitéit an d’ëffentlecht Baue François Bausch, dem Minister fir bannescht Sécherheet Henri Kox an dem Minister vun der Fonction Publique Marc Hansen gouf dat neit Gebai um Kierchbierg ageweit.
Hei solle ronn 350 Poste fir Mataarbechter vum Ministère vun der Fonction publique hikommen ewéi och d’Plaz fir 400 Visiteuren, déi een hei all Dag empfänkt, fir ënner anerem u wichtege Projeten ze schaffen oder Formatiounen unzebidden. De Gros vum Gebai gëtt vun dësem Ministère an Usproch geholl.
Den 11. Stack ass da fir de Ministère fir bannescht Sécherheet reservéiert.
Mam Ëmbau vum Gebai gouf am September 2021 ugefaangen an déi total Käschte belafe sech op 31,5 Milliounen Euro.