Spëtzekandidate Lenert, Tanson, Frieden a Bettel stinn de Wieler Ried an Äntwert
D'Spëtzekandidate vun deene 4 grousse Parteien hunn en Dënschdeg den Owend d'Froe beäntwert, déi d'Leit hinne gestallt hunn.
Dat an eiser Emissioun "Wie gëtt nächste Premier" op RTL Tëlee Lëtzebuerg. Dobäi goung et ëm vill verschidde Sujeten. Zum Beispill ëm d'Klimakris an de Logement.
Wann ee méi esou akut Krisen huet wéi déi vum Klima a vum Logement, da muss een decidéieren wéi eng déi wichtegst ass, seet de Spëtzekandidat vun der CSV, de Luc Frieden. Fir hie wier dat de Logement:
"Dat ass richteg, mir mussen dee richtegen Equiliber fannen, tëschent Wirtschaft, Sozialem an Ekologeschem. Mä wa mer innerhalb vum Bauperimeter sinn, a wa mer gesinn, dass mer eng vun deene gréisste soziale Krisen...fir mech ass d'Logementskris eng sozial Kris. Da musse mer all eis Moyene ginn, Prozeduren, Steieren, alles, fir ze kucken, datt mer déi Kris reduzéiert kréien. An dofir mengen ech, ginn et Momenter. Et ass wéi oft am Liewen, bei villen Entscheedunge muss een eng Ofweiung maachen vu verschiddenen Interêten an d'Natur ass wichteg, och fir d'CSV, de Klimaschutz, den Naturschutz. Mä deen ass ausserhalb vun de Stied an net an den Agglomeratiounen."
Eng Ausso iwwert déi d'Sam Tanson vun déi Gréng nëmmen de Kapp rësele kann:
"Dat do ass jo typesch fir déi Politik, wéi se virun enger Zäitchen hei am Land gemaach ginn ass. Mir klameren eppes aus an da konzentréiere mer eis op eppes aneschtes. Wa mer d'Biodiversitéitskris ausklameren, da fabrizéiere mer eigentlech all zesumme schonn déi nächste Kris. Wa mer dovunner schwätzen, dass d'Natur an der Gemeng quasi näischt verluer huet, da muss ech de Kapp rëselen, well mer gesinn, bei deene waarme Summeren, déi mer hunn, do kann d'Temperatur bis zu 10 Grad méi waarm ginn an engem Wunnquartier, wann do kee Gréngs zum Beispill ass."
An och de Xavier Bettel vun der DP, dee sech als Klimapremier gesäit, wiert sech dogéint, datt d'Klimakris permanent an der zweeter oder drëtter Rei steet:
"Den 8. Oktober ginn et 25 Grad. Deen, dee mengt, mir hätten awer kee Problem mat der Meteo, dat heescht, datt mer keng Äerderwiermung hunn. An ech war nach viru Kuerzem mat aner Regierungs- a Staatscheffen, déi froe sech iwwerhapt, wéi laang hir Insel, wat kleng Länner sinn, nach bestinn. Däers si mer eis net bewosst. Mir hunn Tronadoen hei zu Lëtzebuerg, mir hunn Iwwerschwemmungen hei zu Lëtzebuerg gehat. Mir sinn an enger Klimakris, jo mir musse Mesuren huelen, déi villäicht net onbedéngt populär sinn."
E Punkt, deem d'LSAP-Spëtzekandidatin Paulette Lenert zoustëmmt a warnt, datt d'Klimakris net bremst a waart, bis mir nokommen:
"Wann et net aanescht geet, muss een nohiewen. Wat awer grad esou wichteg ass, ass dofir ze suergen, jidderee matzehuelen an déi aner Kris, déi sech bei eis ubant, eben dat Auserneeklaffe vun eiser Gesellschaft mat engem Aarmutsrisiko, dee steigend ass, mat engem Risiko vu schaffende Leit, déi d'Enner net méi zesummekréien. Dat musse mer genau esou prioritär mat afléisse loossen. Dofir déi zwou Saache Jo a wann et muss sinn, muss et och e bësse wéidoen, dat wäert net anescht goen. Dat sinn Tendenzen, déi einfach do sinn, dat ass e Fakt a mir mussen dat ausgebremst kréien, béides."
Aner Sujeten an der Debatt waren zum Beispill den Index, d'Reduktioun vun der Aarbechtszäit, d'Renten an d'Steierpolitik.