Mobilitéitsbourse gëtt gehéicht an Erfollegsprimm kënnt bäi
© AFP (Archiv)
D'finanziell Hëllefe fir Studente ginn iwwerschafft, a solle vereinfacht an an engems awer och gerecht fir jidderee ginn.
D'zoustänneg Ministesch Stéphanie Obertin huet d'Reform e Freideg presentéiert, déi an Zesummenaarbecht mat der Studentenassociatioun ACEL ausgeschafft gouf. Déi Haaptpiliere vun den Hëllefe bleiwe bestoe mat der Basis-Bourse, der Mobilitéitsbourse, dem Studenteprêt a sou weider.
Changementer ginn et ënner anerem bei der Indexéierung vun de Bourssen. D'Studenteboursse ginn an Zukunft am Ufank vun all Semester ajustéiert an net méi just all Joer. D'Mobilitéitsbourse gëtt ëm 158 Euro d'Joer erhéicht. Fir d'Studente bei hiren Etüden ze encouragéieren, ass eng Primm virgesi vun 250 Euro, wann ee säi Joer packt. Donieft goufen d'Doktoraten aus dem Gesetz erausgeholl a wäerten an Zukunft vum Fonds national de la recherche geréiert ginn.
© MESR