Feier ass ausBrand an Déifgarage vun engem Akafszenter um Mierscherbierg

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.15 Auer koum et zu engem Feier an enger Déifgarage vun engem Akafszenter um Mierscherbierg.

Vum CGDIS heescht et, datt en Auto an der Déifgarage gebrannt huet an datt et zu enger gréisserer Dampentwécklung koum. D’Plaz huet missten evakuéiert ginn.

Kuerz virun 18 Auer koum schonn d’Informatioun, datt d’Feier aus wier. D’Déifgarage misst awer nach gelëft ginn, fir den Damp erauszekréien.

Back to Top
CIM LOGO