Virun 8 Joer gouf eng zimmlech kontestéiert Konventioun tëscht der kathoulescher Kierch an dem Staat ënnerschriwwen, déi d'Relatiounen nei reegelt.

Et war ee Sujet, deen am Walkampf keng wierklech Roll gespillt huet: d'Relatioun tëscht dem Staat an deene verschiddene Glawensgemeinschaften. Dat läit wuel an éischter Linn dorunner, datt d'Trennung vu Kierch a Staat réischt 2015 besigelt gouf. Ma wat fir ee Bilan zitt ee bei der kathoulescher Kierch op där enger a bei deenen, déi Relioun als Privatsaach ugesinn, op där anerer Säit? A wat sinn d'Fuerderungen un déi nächst Regierung?

Trennung vu Kierch a Staat: ee Bilan/Reportage Marc Hoscheid

Et huet ee sech bei der kathoulescher Kierch dermat offonnt, datt et zu Lëtzebuerg ni méi sou wäert ginn wéi et eng Kéier war, och wann eng CSV rëm zeréck an d'Regierung komme sollt. Dat mécht de Weihbëschof Leo Wagener däitlech. D'Trennung hätt positiv an negativ Aspekter. Positiv wier beispillsweis, datt der Kierch net méi virgeworf kéint ginn, si géif bevirdeelegt. Och wier de Kontakt mat deene verschiddene politesche Parteien haut manner verkrampft an net méi vu Virurteeler gepräägt. Negativ wier virum allem de finanziellen Drock duerch d'Salairen. Et hätt een zanter 2015 ronn 50 Leit agestallt. Och datt et kee Reliounsunterrecht an de Schoulen méi gëtt, wier fir vill Leit haart gewiescht. Dat nei geschaafte Fach Vie et société wier iwwerdeems a senger aktueller Form keng gutt Alternativ.

"Mir sinn awer och enttäuscht iwwert d'Fach Vie et société. Do bleiwen nach ëmmer eng ganz Rei vu Revendicatiounen, déi mer hunn, fir dat Fach ze iwwerschaffen opgrond vu Feeler, déi mer festgestallt hunn. Och datt et dacks ausfält, wann aner Prioritéiten an der Schoul sinn, aner Fächer, déi et iwwerlageren, déi Réckmeldungen hu mer kritt."

 

D'Kulte géingen deels falsch duergestallt, an d'Detailer wollt de Leo Wagener awer net goen. Eng Fuerderung un déi nächst Regierung ass, datt mat Bléck op de Logement abordable de legale Kader fir de Kierchefong ugepasst gëtt.

Wat de Fong betrëfft, sou geréiert dee knapp 150 Kierchegebaier, ronn 350 goufe vun de Gemengen iwwerholl. D'Gemenge kënnen d'Käschte fir d'Hëtzen vun hire Kierchen iwwerhuelen, mee dat maache se laang net all. Bei deenen aktuell héijen Energiepräisser féiert dat zu engem Defizit am Budget vum Kierchefong, wéi d'Presidentin Marianne Bausch, erkläert.

"Mir hunn 2022 am Ganzen 2 Milliounen Euro fir Energie bezuelt, well déi Kierchen einfach vill méi schwiereg ze heize sinn, a mir do och guer keng Subside kréien. Iwwert d'Indextranchen ass och all dat anert, den Entretien an alles méi deier ginn. An 2022 si mer lo bei 1,6, bal 1,7 Milliounen Euro Defizit, bei néng bis zéng Milliounen Euro Budget."

 

Fir déi héich Energiepräisser op mannst zum Deel opzefänken, wier een derbäi ze préiwen, op wéi engen Diecher ee Photovoltaikanlagen installéiere kann.

Dat ass lo d'Vue vun der kathoulescher Kierch. Mee wat seet dann op där anerer Säit beispillsweis d'Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker (AHA) iwwert d'Trennung vu Kierch a Staat, gesäit een do och Verbesserungspotential?

 

D'AHA huet am Verglach mat 2015 éierlechweis net vill Neies zum Thema ze soen. Dem President Bob Reuter no wier een am Prinzip zefridde mat der Konventioun vu virun 8 Joer. Et wier een deemools zwar léiwer nach méi wäit gaangen, ma dat wier deemools net realistesch gewiescht. Anescht wéi de Bistum ass ee bei der AHA zefridde mam Cours Vie et société. Mat Bléck op déi haiteg Notzung vun de Kierchegebaier hätt ee sech gewënscht, datt méi Kierche kulturellen Zwecker zougefouert gi wieren. Eng Fuerderung un déi nei Regierung ass:

"Mir géifen eis natierlech wënschen, datt d'Finanzéierung vun de Glawensgemeinschafte komplett privatiséiert gëtt. Datt déi Leit, déi enger Glawensgemeinschaft wëllen zougehéieren an déi och finanzéieren, dat och selwer maachen, sou wéi och aner Clibb dat maachen. Dat ass awer net realistesch, warscheinlech ass d'Fuerderung, fir de Proportiounen an der Gesellschaft méi gerecht ze ginn."

Wat d'Transparenz vum Kierchefong betrëfft, erkennt d'AHA un, datt déi mëttlerweil absolut ginn ass.