Aarbechter, déi Uebst plécken an a Wäistuffe schaffen, gi legaliséiert
D'Geleeënheetsaarbecht a spezifesch Tâchë ginn am Wäibau an an der Uebstproduktioun méi kloer an administrativ gesi méi einfach gemaach.
Esou kann een de Projet de Loi resuméieren, deen d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an den Aarbechtsminister Georges Mischo e Mëttwoch der Press presentéiert hunn.
Eng Kou Sonndes sträichen: legal. Drauwe Sonndes liesen: legal. Äerdbieren oder Mirabelle plécken, esou d’Martine Hansen, dat gëtt elo och legaliséiert: "well wann ech d’Äerdbier gär Méindes am Supermarché hunn, da musse se Sonndes kënne gepléckt ginn. A wa se Sonndes zeideg sinn, da musse se gepléckt ginn". E "Flou" géing "clarifiéiert" ginn andeems de Begrëff "horticulture" an d’Gesetz kënnt. Landschaftsgäertnerei géing natierlech net drënner falen.
Onkloer wier dann och aktuell, ob d’Leit a Wäistuffe Sonndes däerfe schaffen. De Serge Fischer, Direkter vum Institut Viti- Vinocole sot, aktuell wieren déi Aarbechter "tëscht zwee Still", well se net an der primärer Produktioun sinn, mee eigentlech ewéi an engem Café oder Restaurant schaffe géingen. Se ginn elo souzesoen an den Horeca-Secteur assimiléiert.
Méi einfache Contrôle medical an Decompten
Den Asaz vu Saisonniers oder Geleeënheetsaarbechter géing dann och vereinfacht ginn. De Contrôle médical kéint an Zukunft am Ausland gemaach ginn - den Aarbechtsminister huet e Pol a Polen als Beispill genannt - an Drauwe schneide géing net méi als riskant Tâche ugesi ginn.
De Georges Mischo huet dann erkläert, ewéi d’Decomptë méi einfach ginn. Déi missten net méi um Enn vum Mount gemaach ginn, mee wann e Mount geschafft gouf. Hie sot, wann zum Beispill en Aarbechter Enn September ugefaangen huet, da misst den Employeur aktuell en Decompte fir déi puer Deeg an dann nach emol fir de Mount drop maachen.
Donieft gëtt e "Contrat à caractère occasionnel" agefouert.





