Am Bommeleeërprozess Bis freet de Parquet iwwerdeems 3 Joer fir den Armand Schockweiler an 2 Joer Prisong fir den Aloyse Harpes,

Si waren allebéid fréier Dirigente vun der Gendarmerie. Dat well si am éischte Bommeleeërprozess 2013/14 solle Falschaussoe gemaach hunn.

De Guy Stebens, och fréieren Dirigent vun der Gendarmerie an de Guillaume Büchler, fréiere Mataarbechter vun der Sûreté, sollen 18 Méint Prisong kréien, wann et dem Parquet no geet. Fir de Marcel Weydert, fréiere Member vun der Brigade mobile, huet de Parquet e Fräisproch gefrot.
 
Dem Parquet no hätt de Pierre Reuland oppen de Geck mat den Institutioune gemaach an d’Enquêteuren an der Bommeleeër-Affär wiere vun him behënnert ginn, wou en nëmme konnt.

Kee vun de Beschëllegten hätt da Regret gewisen, sou d’Procureur. Deemno wier de de Parquet net favorabel, wann déi Ugekloten e Sursis op der ganzer Prisongsstrof kriten.