E puer Leit hate sech de Batti gestallt a koumen an Arrest

© Laurent Weber / RTL Archivbild
Wéi d'Police e Sonndeg mellt, haten e puer Leit sech an der Nuecht op e Sonndeg net richteg am Grëff. Op anere Plaze gouf géint d'Nuetsrou verstouss.
Géint 23 Auer gouf d'Police op Veianen geruff, well do eng Persoun randaléiere géif. Ma och a Géigewaart vun de Polizisten, déi op d'Plaz gefuer sinn, huet de Mann sech net berouegt. Hie koum an Arrest.
Zwou weider Persoune koume méi spéit géint 3.30 Auer an Arrest, well si fir sech an anerer eng Gefor duergestallt hunn. Si hate Beamte wärend enger anerer Interventioun am Garer Quartier ugepöbelt.
Bleiwe mer am Garer Quartier. Do ass der Police spéider nach eng staark alkoholiséiert Persoun begéint, déi mat Steng duerch d'Géigend geschoss huet. Och hei gouf et Arrest.
Nuetsrou gestéiert
Wéi d'Police weider mellt, gouf et an der Nuecht op e Sonndeg net manner wéi 30 Meldunge, wou géint d'Nuetsrou verstouss gouf. An de meeschte Fäll konnten d'Beamten d'Situatioun nach op der Plaz reegelen.