D'Monica Semedo, sou Wort.lu, huet d´Europaparlament wéinst där finanzieller Sanktioun an Héicht vun 10 Dages-Indemnitéite verklot.

D´Europadeputéiert ouni Parteikaart, Monica Semedo, wëll d'Sanktiounen net acceptéieren, déi d'Europaparlament no Mobbing-Reprochen decidéiert hat, dat mellt d'Wort en Dënschdeg. D'EU-Parlament hat dës Sanktiounen am Abrëll 2023 géint déi fréier DP-Politikerin decidéiert.

Schonn am Joer 2021 war d'Monica Semedo negativ wéinst Mobbing vun hirem Personal opgefall, a krut dofir eng änlech Strof an ass och kuerz drop aus der DP ausgetrueden.

D'Plainte géint d'EU-Parlament säitens dem Monica Semedo gouf Enn Juni deposéiert. Heiranner gëtt gefuerdert, dass d'Strofe géint si fale gelooss solle ginn, dat well d'Prozedur wéi dëst ofgelaf ass, rechtswiddreg wier.

Grond wier, dass d'EU-Parlament net kéint vu Mobbing schwätzen, dat well hei eng Partie Krittäre fir de Virworf erfëllt wieren. Heiriwwer wäert elo den Europäesche Geriichtshaff decidéieren.