E Samschdeg hat de Gréard Schockmel mat engem Meenungsartikel am Lëtzebuegrer Wort fir kontrovers Diskussioune gesuergt.

D'Plattform JIF (Journée Internationale des Femmes) weist sech besuergt iwwer de rezente Meenungsartikel vum DP-Deputéierte Gérard Schockmel am Lëtzebuerger Wort mam Titel "Wie der Feminismus die Abreibungsdebatte beherrscht." Am Artikel géifen zeg Clichéë benotzt a feministesche "bashing" bedriwwe ginn. Et kéint een net vun enger Analys schwätzen, et wier en antifeministeschen Artikel. Wärend den Auteur vun Has an Intoleranz vu Säiten vum Feminismus schwätzt, betount d'JIF, datt et genee déi Attitüd wier, déi een am Text vum DP-Deputéierte géif erëmfannen.

D'Plattform begréisst awer, datt d'Chancëgläichheetsministesch Yuriko Backes séier op den Artikel reagéiert huet an d'Aussoe kontestéiert huet. D'JIF erwaart sech allerdéngs och, datt d'DP Konsequenze par rapport zu den Aussoe vun engem vun hire Memberen an Deputéierten hëlt.

Donieft kritiséiert d'JIF och d'Lëtzebuerger Wort, déi den Artikel publizéiert hunn.