Beim Remboursement fir Psychotherapie leeft nach villes net, wéi et sollt
D'Fapsylux begréisst de Remboursement vun de Sue fir psychesch Hëllef, mécht awer dorop opmierksam, datt et an der Praxis nach Problemer gëtt.
Zënter dem 1. Februar dëst Joer ass den Tarif fir eng remboursabel Seance beim Psychotherapeut hei am Land fixéiert. Festgehale gouf e Montant vun 144 €. Duerch zwou Indextranche läit dee Präis mëttlerweil bei 155,07 €. Eng erwuesse Persoun kritt d'Käschte vun enger Consultatioun zu 70% vun der CNS-Gesondheetskeess rembourséiert. mannerjäreg Patiente kréien 100% zréckbezuelt.
De Projet de règlement grand ducal gouf eis operluecht, heescht et vun der Federatioun vun de Psychotherapeuten. D‘Fapsylux begréisst zwar, dass hir Patienten elo endlech Sue fir psychesch Hëllef rembourséiert kréien, mee an der Praxis géif nach villes net sou lafe wéi et sollt. Et géifen nach vill Onkloerheeten um Terrain ginn, net zulescht, well et och nach ëmmer keng Konventioun tëscht der Fapsylux an der CNS gëtt.
Et hätten och Startschwieregkeete gi beim Remboursement. Mol wier den Datum vun der Ordonnance ze kuerz gewiescht, mol hätt e Stempel gefeelt, sou datt d'Leit awer op de Käschte sëtze bliwwe wieren.
E Problem wier och, datt de Paiement immédiat direct nach net géif funktionéieren. Sou datt d'Assuréen egal wéi d'Sue fir eng Therapie misste virstrecken, wat sech der vill net kéinte leeschten.
E weidere Problem wier, dass zum Beispill Familljentherapien, Video-Consultatioune a Seancë vun iwwert enger Stonn net géife rembourséiert ginn.
D'Psychotherapeute selwer kréichen, mam an hiren Aen ëmmer nach ze nidderegen Tarif, iwwerdeems hir Comptabilitéits- a Sekretariatskäschten net finanzéiert. Och den Zäitopwand fir Diagnostik, Rapporte schreiwen a Concertatioune mat anere Medezinner wier am Projet net berécksiichtegt ginn.
De Projet de règlement grand ducal war vum nach-Minister Claude Haagen an d'Weeër geluecht ginn, nodeems sech Fapsylux an CNS ënnerteneen net eens gi waren an och eng Mediatioun gescheitert war.
Et ass e Pilotprojet, dee lo mol zwee Joer leeft. An där Zäit dierft sech wuel kaum eppes u Modalitéiten änneren, ma d'Fapsylux ass amgaangen, sämtlech Problemer ze notéieren an weist sou wéi och de Collègue médical drop hin, dass dréngend Handlungsbedarf besteet.