
Et gouf annerhallef Stonn laang de Point gemaach iwwer de Fortschrëtt bei de Gespréicher iwwer d’Formatioun vun der nächster Regierung.
No senger Visitt virum Palais huet de Luc Frieden e kuerze Resumé gemaach.
Bis Enn nächster Woch kéint de Koalitiounsaccord stoen, huet de Luc Frieden duerno nach eng Kéier betount. Vun nächster Woch u géing dann och iwwert d’Verdeelung vun de Ministerposten diskutéiert ginn.