Ëmmer méi Reen a kuerzer Zäit suergt fir Iwwerschwemmungen

Laurent Pfister / © Marc Hoscheid
An deene leschten Deeg a Wochen huet et am Grand-Duché deels zolidd gereent.
D'Peegele vun enger ganzer Partie Baachen a Flëss hu bal d'Cote de vigilance erreecht.
Am Luxembourg Institute of Science and Technologie, kuerz LIST, fuerscht een zum Thema Héichwaasser an do ass et de Constat, datt sech d'Nidderschléi ëmmer méi staark op spezifesch Zäitraim konzentréieren.
Fréier wieren d'Nidderschléi, also virun allem de Reen, gläichméisseg iwwert d'Joer verdeelt erofkomm. De Laurent Pfister schafft als Hydrolog beim LIST an erkläert, datt dat mëttlerweil net méi de Fall ass.
"Vu Mëtt Oktober bis elo si plazeweis gutt iwwer 200 Millimeter Waasser erofkomm. Sou wäit ech dat iwwersinn, ass dat och déi éischte Kéier a Frankräich, datt mindestens 30 Deeg noeneen Nidderschlag gemooss gëtt. Wann een dat kuckt, lo fir eis Géigend zemools hei ënnen am Süde vum Land, kann een awer soen, datt eppes méi wéi 20 Prozent vum Reen, deen normalerweis an engem Joer fält, deen ass dann innerhalb vun dräi, véier Wochen erofkomm."
Dono gefrot, ob de Klimawandel fir déi Entwécklung responsabel ass, wëll sech de Laurent Pfister net festleeën. D'Opzeechnunge vu Wiederdonnéeë géingen am Fong nach net wäit genuch an d'Vergaangenheet zeréckreechen, fir déi Fro ze beäntwerten. Ee Bléck no hanne liwwert iwwerdeems d'Analys vu Waasserprouwen.
"An deene Baachen a Flëss, wou mir d'Prouwen huelen, a mat verschiddenen Zorte vun Analysen hu mer gesinn, datt dat Waasser, dat an der Héichwaasser-Well dran ass, dat ass Waasser, dat viru Wochen, heiansdo Méint als Néierschlag erofkomm ass. Dat kënnt dohier, datt dat Waasser am Buedem dran ass, am Ënnergrond dran ass a wann et da reent, dann huet dat neit Waasser, deen neie Reen, ee gewëssent Gewiicht, deen dréckt dann dat alt Waasser aus dem Buedem raus an d'Baach eran an an d'Flëss."
Nieft dem Reen wier awer plazeweis och de Buedem mat doru schold, datt et zu Héichwaasser kënnt. Sief et, well e wéineg duerchlässeg ass, beispillsweis wann en aus Leem besteet oder well en duerch de Mënsch versigelt gouf. D'Buedemversigelung géing virun allem um méi klengen Niveau, also op ganz spezifesche Plazen eng wichteg Roll spillen, wat d'Anzuchsgebitt méi grouss gëtt, hëlt d'Bedeitung vun deem Facteur of. Et gëtt iwwregens och grouss lokal respektiv regional Ënnerscheeder wat d'Quantitéit vun den Nidderschléi ugeet. Am Weste vum Land ass déi 30 Prozent méi héich wéi am Osten.

© Marc Hoscheid