Um Mëttwochmëtteg hat de CGDIS en Asaz an der Rue des bains an der Stad.

Well de Feieralarm an engem Bürosgebai lassgaangen ass, sinn direkt méi Ween op d'Plaz gefuer.

Op Nofro confirméiert de CGDIS den Asaz. D'Pompjeeën op der Plaz hätten op enger Kachplack e Pizza-Kartong fonnt, deen d'Dampentwécklung verursaacht an de Feieralarm ausgeléist hätt.

D'Rue des bains gouf fir kuerz Zäit komplett gespaart.