
Géint 19 Auer e Samschdeg den Owend krut d’Police een Accident zu Déifferdeng gemellt. Een Auto wier an e geparkten Auto gerannt. De Chauffer wier doropshin an e Gebai gelaf. Op der Plaz hunn d’Beamten den Auto, dee keng Placken hat, an entgéintgesater Richtung an enger Einban fonnt. De Chauffer gouf och op der Plaz ugetraff. Hien hat keng Pabeiere vum Auto bei sech a wollt och keen Alkoholtest maachen. Op Uerder vum Parquet gouf d’Gefier beschlagnaamt.
Géint 23.30 Auer krut d’Police een Auto zu Biissen gemellt, deen ouni Luuchten an am Zickzack ënnerwee war. D’Police huet de Chauffer fonnt. Den Alkoholtest war positiv, sou datt de Permis ofgeholl gouf.
Géint eng Auer war dann zu Diddeleng e Chauffer an enger Einban an déi falsch Richtung ënnerwee, ier en einfach op der Strooss stoe bliwwen ass. Wéi d’Beamten op d’Plaz komm sinn, huet de Chauffer hannert dem Steier geschlof. De Mann wollt weder op der Plaz nach um Policebüro een Alkoholtest maachen. E provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.
An der Montée de Clausen an der Stad ass da géint 3.30 Auer en Automobilist opgefall, wéi en duerch Rout gefuer ass. Den Auto gouf gestoppt a kontrolléiert. Et huet sech erausgestallt, datt de Chauffer gedronk hat an och keng gülteg Pabeiere vun der Versécherung bei sech hat. De Permis gouf och an dësem Fall agezunn.
Dann huet nach zu Miersch een Automobilist säi Führerschäi missen ofginn. Hie war géint 5.30 Auer a Schlaangelinnen ënnerwee a gouf vun der Police gestoppt a kontrolléiert.
Déi nämmlecht Zäit gouf d’Police op der A13 bei Esch vun engem Auto mat héijer Vitess iwwerholl. D’Gefier gouf gestoppt a kontrolléiert. Och an dësem Fall hat de Chauffer ze vill Alkohol gedronk an de Permis ass fort.
An da krut d’Police nach géint 7 Auer ee Gefier gemellt, wat op der A1 a Richtung Rond-point Gluck a Schlaangelinnen ënnerwee war an dunn direkt e puer Ronnen am Rond-point gedréint huet. De Chauffer konnt kuerz drop zu Hesper vun der Police lokaliséiert ginn. Hien huet hannert dem Steierrad geschlof. Och an dësem Fall huet d’Police de Permis ofgeholl.
RTL-Artikel (3.12.23): No Sträit zu Déifferdeng 2 Männer verbréngen d’Nuecht am Arrest
RTL-Artikel (3.12.2023): Abriecher ënnerwee: Zu Diddeleng goufen zwee Motorrieder geklaut