Tëscht Garnech an Héiweng ass e Camion vun der Strooss ofkomm an de Rampli erofgerutscht. Tëscht Tënten a Bruch ass engem Auto e Rad ewech geknéckt.

Géint 10.37 Auer ass tëscht Héiweng a Garnech en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt, war am Bulletin vum CGDIS ze liesen. Eng Persoun wier bei deem Accident verwonnt ginn. Et handelt sech heibäi warscheinlech ëm de Chauffer vum accidentéierte Camion. D'Streck gouf dann och géint 11 Auer komplett fir den Trafic gespaart.

Am Asaz waren ënnert anerem eng Ambulanz vu Mamer, d'Pompjeeë vu Koler a Stengefort.

Och tëscht Tënten a Bruch war um Méindeg de Moien d'Strooss no engem Accident blockéiert.

Trafic-Info

Géint 8.30 Auer sinn op der A1 Richtung Stad zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf et ee Blesséierten.