Zu Lëtzebuerg géing een dat schwieregt Ëmfeld spieren
De Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce war Invité am Journal. Et goung ënnert anerem ëm déi ekonomesch Situatioun vum Land.
De Statec huet um Mëttwoch annoncéiert, dass Lëtzebuerg 2023 an enger Rezessioun ass, de PIB wäert d'nächst Joer awer nees liicht klammen, d'Staatsschold an d’Luucht goen an et gëtt fir 2024 och mat méi engem héije Chômagetaux gerechent. "De geopolitesche Kontext an dat wirtschaftlecht Ëmfeld si schlecht", esou beschreift de Carlo Thelen déi aktuell Lag an Europa an der Welt. Lëtzebuerg als kleng, oppe Wirtschaft wier do och direkt betraff.
"Mir musse léiere mat Polykrisen ëmgoen"
D'Betriber an d’Gesellschaft muss léiere mat Polykrisen ëmzegoen, esou de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce. Als Reaktioun dorop misst ee flexibel bleiwen a sech och un nei Kontexter upassen.
"Et däerf een net vergiessen, dass déi aktuell Kris duerch Approvisionnement-Problemer an duerch héich Energiepräisser ausgeléist gouf. Du koum et zu enger Kris de l'Offre, dat huet dozou gefouert, dass d'Zënsen an d'Luucht gaange sinn, duerch déi héich Inflatioun. An doduerch ass dat elo eng Kris vun der Demande ginn."
Dëst géif sech direkt op d'Vertraue vun de Privatleit an den Entreprisen auswierken, wat et schwiereg mécht Aussoen iwwer d'Aussiichte fir 2024 ze maachen, esou de Carlo Thelen.
"Et muss nees méi Substanz zréckkommen"
Am Koalitiounsaccord géife vill Saachen dra stoen, déi als Zil hätten, nees Vertrauen opzebauen. Souwuel bei de Privatstéit, wéi och bei den Entreprisen. Duerch d'Upassunge vum Barème géifen d'Leit elo zum Beispill nees e bësse méi Kafkraaft kréien.
Et wier wichteg kompetitiv ze bleiwen. An de leschte Jore wier d'Substanz vun der Ekonomie um verschwannen, ma déi misst elo nees zréck kommen, esou den Invité.
De ganzen Interview kann een am Video nolauschteren.