Meteolux huet en Donneschdeg de Moien nach emol een Update vun der Héichwaassersituatioun am Land gemaach.

Wéi et vun der Héichwaasserzentral heescht, géingen d'Peegele vun der Uelzecht an och déi meescht vun den Nieweflëss den Ament falen. Duerch lokal Schauere besteet awer d'Méiglechkeet, datt et nach emol zu enger Hausse ka kommen, dëst wier virun allem un der Äisch an un der Atert méiglech. Eng Iwwerschreidung vun der Cote d'alerte kéint hei net ausgeschloss ginn.

D'Peegele vun der Uelzecht (Hesper a Pafendall) wäerten nach eng Zäit iwwert der Cote de préalerte respektiv am Beräich vun der Cote d'alerte (Miersch) oder iwwert der Cote d'alerte (Ettelbréck) bleiwen an nach emol liicht klammen.

Un der Sauer zu Dikrech bleiwen d'Peegelen am Beräich vun der Cote d'alerte, zu Bollendorf am Beräich vun der Cote de préalerte.

Zanter e Mëttwoch am spéiden Nomëtteg gëllt och eng giel Warnung wéinst potenziellen Iwwerschwemmungen op der Musel. D'Waasserverwaltung mellt elo den Donneschdeg de Moien, dass d'Musel och en Donneschdeg nach weider klamme wäert. Zanter e Mëttwoch den Owend huet Stadbriedemes de Peegel vu 5,30 Meter erreecht, dee gemellt muss ginn. Schonn en Donneschdeg kéint den Héchststand erreecht ginn an dee léich dem aktuelle Stand no tëscht 5,80 Meter a 6,10 Meter. D'Waasserverwaltung geet an hirem Rapport awer dovun aus, dass d'Meteo laanscht d'Musel sech berouegt an de meeschte Reen laanscht ass. En Donneschdeg a virop e Freideg géif et roueg an och dacks dréche bleiwen.

Déi aktuell Peegelstänn fannt Dir op Inondations.lu.

Nach bis en Donneschdeg Hallefnuecht gëllt d'Héichwaasserwarnung vu Meteolux. Fir de Süde vum Land gëllt eng Alerte Rouge a fir den Norde vum Land eng Alerte Orange. Dës gouf och elo bis e Freideg Hallefnuecht verlängert.

RTL

Stand Mëttwoch de Mëtteg

D'Niewegewässer vun der Uelzecht wiere schonn amgaangen ofzeschwëllen. Lokal Schauere kéinten awer ëmmer nach dozou féieren, dass lokal d'Peegele wäerten an d'Luucht goen.

Héichwaasser/Reportage Diana Hoffmann

D'Previsioune vun en Dënschdeg wiere plus-minus esou agetruede wéi erwaart. Op der Ueweruelzecht wier et zu e bëssi manner Héichwaasser komm. Do wäerten d'Peegelen awer nach bis op Miersch e Mëttwoch iwwert de ganzen Dag héich bleiwen. Op der Sauer hätt een en e bëssi méi klengt Héichwaasser. Ma och do géing domat gerechent ginn, dass d'Waasser an deenen nächste Stonnen nach géing relativ héich bleiwen.

D’Musel wäert an den nächsten Deeg awer nach eng Kéier klammen. Mee och do wier net mat engem groussen Héichwaasser ze rechnen. D'Cote de vigilance wäert do wuel e Mëttwoch erreecht ginn. De Moment géing een nach net vun der Prealerte schwätzen an et kéint sinn, dass ee just op der Vigilance géing bleiwen, sou de Jean-Paul Lickes. E Maximum gëtt e Mëttwoch oder an der Nuecht op e Freiden erwaart, mat engem Peegel zu Stadbriedemes tëscht 5,50 Meter a 6 Meter.

Meteolux mellt fir d'Guttland e Mëttwoch am Nomëtten nach eng Kéier vill Reen. Tëscht 5 a 7 Liter de Metercarré, lokal och bis zu 10 Liter a Wandstéiss vu bis zu 75 Kilometer an der Stonn. Nach bis en Donneschdeg Hallefnuecht gëllt d'Héichwaasserwarnung.

Déi wichtegst Zorte vun Nidderschléi fir déi nächst 3 Deeg