Um fréie Mëttwoch gouf e Chauffer am Garer Quartier festgeholl, deen net just alkoholiséiert an drogéiert gefuer ass, mä och Drogen a Pefferspray dobäi hat

Wéi d'Police schreift, gouf eng Patrull an der Nuecht op e Mëttwoch an der Stroossbuerger Strooss op en Automobilist opmierksam, dee mat ze héijer Vitess an a Schlaangelinnen ënnerwee war. Bei der Kontroll vum Chauffer hunn d'Beamten nieft dem Geroch vun Alkohol festgestallt, datt de Mann ouni Pabeieren an trotz Fuerverbuet gefuer ass. En Alkohol- an en Drogentest op der Plaz si béid positiv verlaf. Iwwerdeem gouf beim Mann Pefferspray, also eng illegal Waff, an en Drogeplomb fonnt.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann vun de Beamte festgeholl.

Mann no versichtem Abroch festgeholl

Zu Waasserbëlleg war en Dënschdeg am Nomëtteg eng Persoun gemellt ginn, déi an der Route de Luxembourg probéiert huet, eng Entréesdier opzebriechen. Wéi et vun der Police heescht, wier de Mann geflücht, nodeems hie bemierkt huet, datt d'Awunner doheem waren. Am Kader vun der Sich nom Verdächtege konnt dëse gepëtzt ginn. Bei der Kontroll hat de Mann eng geréng Quantitéit u Cannabis bei sech.

Och hei gouf de Parquet informéiert, deen ordonéiert huet, de Mann festzehuelen. Hie koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.

81 Verstéiss bei Verkéierskontrolle festgestallt

En Dënschdegmoien hat d'Police op der Héicht vum Salzhaff zu Hollerech a vum Rond-point Gluck zu Gaasperech insgesamt 81 Infraktiounen am Stroosseverkéier festgestallt. Dovunner kruten 21 Chaufferen eng Geldstrof well se den Handy um Steier benotzt haten. 6 Automobiliste goufe verwarnt, well si oder hir Bäifuerer net oder net virschrëftsméisseg ugestréckt waren a 15 haten net déi néideg Dokumenter dobäi. 11 Gefierer waren ouni Certificat vum Contrôle technique ënnerwee an 2 hate keng gülteg Steiervignette.
Dräi Chauffere kruten ausserdeem eng Geldstrof, zwee well si duerch rout gefuer sinn an ee wéinst sengem geféierleche Fuerstil. Och gouf e Gefier entdeckt, dat als geklaut gemellt war.

Géint 14.50 gouf et ausserdeem dann nach en Accident tëschent 2 Gefierer op der N6 tëschent Mamer a Capellen. Blesséiert gouf hei awer keen.