Et geet weider am Dossier, mä lues
Datt de Patient beim Dokter just nach säin Deel vun der Rechnung bezilt, dat kléngt wéi eng Evidenz.
Den deemolege Minister vun der Sécurité sociale Claude Haagen hat zejoert ugekënnegt, dass deen neie System Enn September 2023 operationell ass. Dat Ganzt mécht säi Wee, wann och, an enger éischter Phas, just lues.
Méi praktesch geet et wuel net:
Et bezilt een als Patient einfach just nach säin Deel vun der Dokteschrechnung. Bei engem Basistarif beim Generalist wieren dat vu ronn 58 Euro der knapp 7, déi een aus der eegener Täsch bäileet. Änlech wéi beim Tiers payant fir verschriwwe Medikamenter an den Apdikten.
Den Dokter confirméiert via een neien informatesche System, dass dat geschitt ass a kritt automatesch de Rescht vun der Rechnung vun der Gesondheetskeess op dee säi Kont.
Bis ewell funktionéiert dat heiheem eréischt bei annerhallwer Dose Generalisten.
Ee vun hinnen ass den Dr Marc Trierweiler vun Hesper:
"Et sinn zwou Säiten: Dem Patient seng Säit, déi sinn natierlech ganz zefridden, se brauche keng Facture méi anzeschécken op d'CNS a brauchen op kee Remboursement ze waarden.
Bei si musse mer nach kucken. Et funktionéiert ganz gutt, mer kréien d'Sue relativ schnell op de Kont. Op der anerer Säit gëtt eis Comptabilitéit awer och méi komplizéiert."
Dat Ganzt dierft mëttelfristeg säi Wee maachen. An enger éischter Phas geet et ëm d'Hausdokteren. No an no sollen all d'Spezialitéite bäikommen.
Bei der Dokteschassociatioun AMMD ass ee prinzipiell "partant", och wann een do den Doktere recommandéiert mam "Paiement immédiat direct", dem sougenannte PID, ze waarde bis de System komplett ass, vun der elektronescher Signature iwwert de Krankeschäin, bis bei d'Ordonnance.
Déi nei Ressortministesch Martine Deprez ass op alle Fall bereet, déi Volete kuerzfristeg mat der AMMD ze klären. "En attendant" ass et wéi a verschidde Reklammen nom Motto: frot Är Doktesch oder Ären Dokter.
Patienten, déi iwwer Paiement immédiat direct bezuelt hunn an e Remboursement vun enger Zousazkrankeversécherung ufroen, brauchen dofir an der Reegel den Dekont vun der CNS. Heescht et op Nofro bei vereenzelten Assurancen oder Mutuellen. Dësen Dekont misst nach den Dag vun der Transaktioun op myguichet.lu ze fanne sinn. Virausgesat den Assuré huet ugefrot, fir d'Dokumenter just nach op digitalem Wee ze kréien.