An der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg ginn et nach eng 100 Paschtéier. Eng Partie sinn awer och schonn an engem gewëssen Alter. Nei Paschtéier ginn deemno gebraucht.
Fir de Kierchenalldag gutt gemeeschtert ze kréien, ginn och ëmmer mei Laie gebraucht an agesat. Aktuell ginn et an der kathoulescher Kierch iwwer 100 där Leit. Dëst si Männer a virun allem och vill Fraen.