Heescheverbuet an der Stad"Mir gi mat bestrooft"

Anne Wolff
Verschidde Leit riskéiere kriminell ze ginn, falls se elo net méi heeschen däerfen, esou ee Betraffenen am Gespréich mam Anne Wolff.
© Anne Wolff

Zanter e Méindeg gëtt d’Heescheverbuet jo an der Stad vun der Police duerchgesat: Dat heescht all Form vu Mendicitéit ass an der Uewerstad an op der Gare verbueden, tëscht 7 an 22 Auer.

Um éischten Dag waren d’Medien an Aktivisten an der Uewerstad dobäi, fir d’Police ze suivéieren. Mee wéi gesäit et den Dag drop aus, wann nees Alldag ugesot ass? D’Anne Wolff war fir eis en Tour duerch d’Stad maachen an huet mat Betraffene geschwat.

Suivi “Heescheverbuet” - De Reportage vum Anne Wolff

Dënschdeg de Moie kuerz virun 9: D’Geschäfter sinn nach zou, Gemengenaarbechter botzen d’Stroossen.

Um Wee fir an d’Groussgaass an der Avenue de la Porte Neuve sëtzt de Gilles mat senger Taass. Hie geet dovun aus, dass hien hei sëtzen dierf, dass déi Strooss net am Verbuetsperimeter läit. Ausserdeem géing d’Gesetz sech jo géint déi organiséiert Bande riichten, de Rescht wier Interpretatiounssaach vum eenzele Policebeamten.

Iwwert dem Gespréich kommen zwee Streetworker d’Strooss erop, si an de Gilles kenne sech schonn. Déi zwee an de grénge Jackette soen dem Gilles zwar, dass hie mat senger Aschätzung hei sëtzen ze dierfen, falsch läit, mee weider mësche si sech do net an. “Mir si jo net d’Police.”

Aus der politescher Diskussioun an den emotionalen Debatte wëlle si sech eraushalen, soss kéinte si hir Aarbecht net maachen. Och si confirméieren awer, dass se mat organiséierte Banden ze dinn hätten. Do wier d’Gespréich méi schwéier. Déi géifen dann d’Leit och méi aggressiv ubiedelen a wann een da wéilt mat hinne schwätzen, géife se maache wéi wa se daf oder stomm wieren. Kuerz drop géing ee se da gesinn, normal ze diskutéieren. Elo wou de Chrëschtmaart eriwwer ass, wieren déi Banden aktuell gréisstendeels aus der Stad verschwonnen. Vläicht och wéinst der Keelt, mee et géifen ëmmer Etappen, wou der manner do wieren. Et wiere Roma, déi extra an d’Land kéimen, fir ze heeschen.

E puer Minutte si vergaangen, du fiert eng Policepatrull an d’Strooss eran. D’Beamte ginn op de Gilles duer a soen him, dass hie kee Becher do stoen däerf hunn. Normalerweis kréich hien elo Protokoll, mee si wiere grad ënnerwee op en aneren Asaz.

E Protokoll wéinst Heescherei: Eventuell groussen administrativen Opwand

Wann d’Police e sougenannte Procès verbal ausstellt, muss se d’Identitéit vun der Persoun feststellen. Wann déi awer keng Pabeieren huet an eventuell aus dem Ausland kënnt, kann dat scho méi schwiereg ginn. Da muss se mat op de Büro geholl ginn, fir d’Identitéit festzestellen. Eventuell gëtt nach en Iwwersetzer gebraucht an et muss och nach mam Ausland gekuckt ginn, ob d’Persoun do bekannt ass. Allerdéngs muss d’Police bei all Form vun Heescherei intervenéieren, net just wa Passanten offensiv no Sue gefrot ginn.

De Gilles muss jiddefalls säi Becher ewechraumen, ma hien duerf sëtze bleiwen. Dat ass schliisslech net verbueden. An och wann hien esou vu Passante Sue kritt, ass dat an der Rei, soulaang en net offensichtlech heescht, z. B mat engem Becher oder enger Pancarte.

Mir fillen eis mat bestrooft”

E puer Meter weider beim Hamilius sëtzt déi nächst Grupp vu jonke Leit. Wann d’Police kënnt, huele mir de Becher eben ewech, erzielt deen een.

D’Verbuet mécht fir si wéineg Sënn. Si géingen d’Leit jo net nerven. “Mir sëtzen hei, mir doe kengem eppes a wa mir dat elo verbuede kréien, da kann et sinn, dass verschidde Leit ufänke kriminell ze ginn an ze klauen, fir d’Saach ze iwwerliewen. Dat ass jo awer och net d’Léisung”, fënnt de Pit, deen zanter 10 Joer op der Strooss sëtzt.

Och dës Grupp erzielt vun organiséierte Banden, schwätzt vu Roma oder Rumänen, do ginn d’Begrëffer synonym benotzt, och wann et net dat selwecht ass. Esou wéi déi jonk Männer et beschreiwen, wierkt et, wéi wann et zwee Lager géif, déi net gutt openeen ze schwätze sinn. Déi Bande wieren déi, déi aggressiv sinn, erzielt de Max. Hie géing dann och verstoen, dass d’Leit genervt sinn. De jonke Mann ass sichtlech rosen iwwert dat neit Verbuet. Hie wéisst net, wéi hie soss soll op der Strooss iwwert d’Ronne kommen. Zwar kéim hien an der Nuecht an enger Struktur ënner, ma do géif e sech net sécher fillen. De Max ass nach net laang op der Strooss a wëllt sech vu Reiwereien ewech halen. Elo huet hien d’Gefill, hien a seng Kolleege wiere mat bestrooft ginn.

Back to Top
CIM LOGO