Feier och op anere PlazenGréissere Brand a Scheier zu Baastenduerf

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt eng Partie Bränn en Dënschdeg uechter d'Land. E gréissere Brand gouf et zu Baastenduerf op engem Bauerenhaff.
Feier zu Baastenduerf
Feier zu Baastenduerf
© Domingos Oliveira / RTL

Kuerz virun 23 Auer en Dënschdeg den Owend ass e Feier an enger Scheier zu Baastenduerf ausgebrach. Wéi de CGDIS schreift, gouf keng Persoun beim Brand blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vun der Nordstad, Tandel, Angelduerf, Bettenduerf a Colmer-Bierg.

Eng hallef Stonn virdrun hat et an der Stad an der Rue Carlo Hemmer an engem Technikraum gebrannt. D’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad waren um Asaz.

An der Nuecht géint 3 Auer hat iwwerdeem nach eng Poubelle an der Rue de la Grève an der Stad gebrannt. Och hei waren d’Pompjeeën aus der Stad op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO