Wanterlech Konditiounen zu LëtzebuergOch um Donneschdeg huet et geheescht, op de Stroossen opzepassen

RTL Lëtzebuerg
De Wanter huet Lëtzebuerg weiderhi fest am Grëff. En Donneschdeg huet et am ganze Land geschneit.
© RTL

Meteolux hat um Mëttwoch deementspriechend zwou Alerten erausginn. Eng Alerte Orange fir den Norde vum Land an eng Alerte Jaune fir de Süden. Kuerz viru 7.30 Auer en Donneschdeg de Moie gouf d’Warnung dann op eng Alerte Jaune fir dat ganzt Land erofgesat a fir e Freideg gëtt et eng Warnung wéinst de kalen Temperaturen.

D’Stroosse waren en Donneschdegmoien nach net iwwerall gestreet respektiv vum Schnéi fräi geraumt. Vun dohier sollt ee besonnesch gutt oppassen, wann ee mam Auto ënnerwee war. Op verschiddene Plazen ass et dowéinst och nëmme schlecht oder guer net weidergaangen.

D’CFL hunn iwwerdeems op hirem Internetsite matgedeelt, dass et wéinst de Wiederkonditiounen de ganzen Dag iwwer zu Verspéidungen um Zuchreseau komme kéint.

Iwwerdeems hunn och verschidde Gemengen decidéiert, d’Schüler an eenzele Schoule vun der Schoulflicht ze befreien. Dat well d’Schoulbusser wéinst dem Wieder net zirkuléiere konnten.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?

Back to Top
CIM LOGO