An der Nuecht op op Méindeg gouf e Falschfuerer op der A6 gemellt, dat op der Héicht vu Koler.

Eng Policepatrull konnt de gesichte Won kuerz Zäit drop op der Aire de Berchem untreffen. De Chauffer gouf e puer mol opgefuerdert, aus dem Auto ze klammen, huet dat awer refuséiert. En huet nämlech de Contraire gemaach an huet probéiert ze flüchten. Dobäi ass e mat sengem Gefier an e geparkte Policewon gerannt. Et gouf kee blesséiert an de Beamten ass et schlussendlech gelongen, de Chauffer z'immobiliséieren. E gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

D'Police deelt donieft mat, datt zu Lëtzebuerg an der lescht eng ganz Partie Luxus-Autoe vun der Mark Land Rover geklaut goufen. Et handelt sech konkret ëm déi nei Range-Rover-Modeller, déi 2023 immatrikuléiert goufen. Virun allem ware Gefierer, déi nuets dobausse stinn, am Viséier vun de Brigangen. D'SUVen, déi geklaut goufen, stoungen a Wunnquartiere laanscht eng Strooss awer och an Afaarte vun Haiser oder Residencen. Wien eppes gesinn huet, soll sech um 113 mellen. D'Police réit de Leit, wa méiglech an enger zouener Garage ze parken, respektiv op enger Plaz, déi sécher a beliicht ass. Et soll och séchergestallt ginn, datt eventuell Alarmsystemer funktionéieren.