Kritik um HeescheverbuetVéier Oppositiounsparteie fuerdere Reaktioun vum Premierminister

Fanny Kinsch
Déi nei Regierung ass nach keng 100 Deeg am Amt, ma e Mëttwoch hu scho véier Oppositiounsparteie sech zesummegedoen, fir Mëssstänn ze bekloen.

Hannergrond ass d’Heescheverbuet an der Stad. Et géing hei net ëm politesch Divergenze goen. D’Regierung misst d’Gewaltentrennung an d’Hierarchie des normes respektéieren. Ma déi nei Regierung géing de Staat an d’Institutiounen ënnergruewen, esou d’fréier Inneministesch an LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding.

Extrait Taina Bofferding

“Et geet elo duer a mir froen eis: Wou ass de Premier an der ganzer Geschicht? Mir verlaangen, dass mëttlerweil mat all deem, wat um Dësch läit, mat all deem, wat gewosst ass, dass de Premier hei endlech Stellung hëlt a Faarf bekennt. Déi Vogelstrausstaktik vum Här Frieden, déi fonctionéiert net a virun allem akzeptéiere mer se net weiderhin. Oder steet den neie Luc och fir en neit Verständnis vum Rechtsstaat? Ass dat vläicht en neien Ëmgang vun der Regierung mat de Geriichter? Mä virun allem interesséiert eis: ‘Wat seet eigentlech de fréiere Justizminister Luc Frieden zu all deem, wéi mer et haut hei virfannen?’”

Och déi gréng Deputéiert Sam Tanson huet nach emol betount, datt et “keng legal Basis fir e Verbuet vun der einfacher Heescherei” gëtt.

“Et dierf ee keng Strof ouni Gesetz virgesinn. Et dierf ee keng Aschränkung vu fundamentale Fräiheeten, zu deenen d’Heescherei gehéiert, ouni Gesetz virgesinn an et kann een net e Reglement huelen an da soen: D’Police soll et anescht applizéieren, wéi dat, wat am Reglement drasteet. Et kann een och net e Reglement huelen, wëssend, datt et duerno net kann ëmgesat gi vun der Justice an dann duerno der Justice d’Schold gi fir hir Inaktioun.”

Kritik kënnt vu Vertrieder vun Déi Lénk, de Piraten, der LSAP an deene Gréngen.
Kritik kënnt vu Vertrieder vun Déi Lénk, de Piraten, der LSAP an deene Gréngen.
© Domingos Oliveira

D’Rechtsonsécherheet géing och d’Polizisten an eng onglécklech Positioun bréngen, esou de Pirat Marc Goergen, déi zum Deel vun anere Kommissariater géingen ofgezu ginn, fir an der Stad géint Heescherte virzegoen.

“Dat ass jo ee vun de kruziale Punkten an deen huet sech och gëschter erausgeschielt, dass souwuel déi Leit, déi sech guer näischt zu Schold komme gelooss hunn, déi einfach nëmme mat hirem Becher do sëtzen oder wou Verdacht do wär, se géife mam Becher do sëtzen, dass och déi gestéiert ginn an och déi hire Liewensënnerhalt net méi kënne selwer suergen.”

Et géingen zwou Méiglechkeete ginn: d’Heescheverbuet zréckzéien oder eng kloer gesetzlech Basis schafen. D’Oppositiounsparteien hunn awer gläichzäiteg drop higewisen, datt en allgemengt Heescheverbuet net am Aklang mam internationale Recht wier. An deem Kontext huet den déi-Lénk-Deputéierte Marc Baum och op d’Urteel vum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff an der Affär Lacatus géint Schwäiz verwisen.

“Dat wier déi normal Demarche, déi d’Regierung da misst maachen, mee da misste se awer och duerch de Staatsrot goen, da misste se den Avis vum Staatsrot ofwaarden. De Staatsrot, deen natierlech dann och dat Lacatus-Urteel géif appreciéieren an ech si mer do relativ sécher, datt en einfache Retablissement vun der Mendicité simple net duerch de Staatsrot géif goen.”

Kritik gouf et nieft dem Inneminister Léon Gloden an dem Premierminister Luc Frieden och un der Justizministesch Elisabeth Margue, déi an dëser Affär keen dréngenden Handlungsbedarf gesäit. Datt d’Justizministesch keng Urgence geséich, fir ze legiferéieren, hält d’LSAP-Deputéiert a fréier Riichterin Paulette Lenert fir geféierlech.

“Dat suergt fir weider Poleemik. D’Leit wëssen haut net, wou se dru sinn. Wann een dat doten nolauschtert, dann ass et fir de Bierger net novollzéibar, ‘ass dat dann elo strofbar oder net?’. An dat ass net gutt an engem Land. Dat ass eng Katastroph eigentlech.”

D’Elisabeth Margue wollt op Nofro net op d’Kritik vun der Oppositioun reagéieren. Et wier nach eng Chamber-Kommissiounssëtzung mam Procureur virgesinn. Deem wéilt een net virgräifen.

RTL-News mat Commentairen: Heescheverbuet an der Stad - Oppositioun wërft der Regierung “vill ze wéineg Respekt virum Rechtsstaat” vir
RTL-Faktencheck: Ass déi einfach Heescherei am Code pénal verbueden oder net?

Back to Top
CIM LOGO