
Informatiounen iwwert de Policedispositif, dee wéinst dem Heescheverbuet mobiliséiert gouf, sinn e Méindeg an den zoustännege Chamberkommissiounen iwwerdeems just à hui clos beschwat ginn. Beim Thema Heescheverbuet sinn déi politesch Responsabel bei hire Positioune bliwwen.
“Et war keen neit Element do. Mir sinn eis net eens mat deenen anere Parteien. Fir mech ass ganz kloer, datt d’Mendicité simple am Code pénal nach ëmmer steet”, seet den CSV-Inneminister Léon Gloden, obwuel duerch e Feeler zanter 2008 keng Infraktioun méi fir déi einfach Heescherei am Gesetz virgesinn ass.
Och d’Policedirektioun hätt gesot, datt fir si déi einfach Heescherei net am Code pénal verbuede wier, sou den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum no der Reunioun. “Zu Lëtzebuerg si mer an engem État de droit. Et ass esou, wann een Text net kloer ass oder wann et eng Rechtsonsécherheet gëtt, da freet een d’Geriichter. An d’Geriichter hunn an zweeter Instanz tranchéiert, déi einfach Mendicitéit zu Lëtzebuerg ass net verbueden.”
Fir den lénken Deputéierten ass dëst kloer en “Uschlag op d’Gewaltentrennung” vun der CSV-DP-Regierung.
Dorop ugeschwat sot d’Stater DP-Députée-Maire Lydie Polfer: “Jo, mä mir sinn net an engem englesche System, wou eng Jurisprudenz Gesetzer mécht.”
D’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert konnt d’Argumentatioun vun der Majoritéit net novollzéien. “Wann dat doten esou kloer ass an den Ae vu verschiddenen Deputéierten, déi jo awer e Mandat an der Chamber hunn, säit Joren, dass d’Geriichter hei dernieftleien, well dat sinn déi Wierder, déi gebraucht ginn. Da wär et ganz einfach gewiescht als Deputéierten eng Proposition de loi eranzeginn, fir dat da kloer ze stellen. Dat wär eppes gewiescht vun e puer Sätz, dat hätt souwuel en Här Gloden ewéi eng Madamm Polfer kënne maachen an all deene Joren, dat ass awer net geschitt.”
En Deel vun der Reunioun war iwwerdeems à huis clos, näischt Ongewéinleches, wann et ëm operationell Consideratioune géing goen, sou de Léon Gloden. De Marc Goergen vun de Pirate sot, hien hätt eng konkret Fro gestallt. “Aus wéi enge Kommissariater aus dem Land, dass se Polizisten ofgezunn hunn? Ech däerf Iech elo do keng Äntwert drop ginn. Mä Dir kënnt Iech awer denken, wa si et an eng Geheimsëtzung setzen, dass et zimmlech penibel fir si wär, wann d’Leit géife gewuer ginn, dass fir dem Léon Gloden seng Fantasien an der Stad elo aner Kommissariater musse Beamten ofginn.”
D’Piraten, d’LSAP, déi Lénk an déi gréng hu fir en Dënschdeg de Moien eng gemeinsam Pressekonferenz aberuff. Et wier een der Meenung, datt d’Regierung “vill ze wéineg Respekt virum Rechtsstaat” géing weisen, esou de gréngen Deputéierte Meris Sehovic. Dat géing een do thematiséieren.
RTL-News: Invité vun der Redaktioun (23. Januar) - Paulette Lenert iwwer Heescheverbuet: “Déi Behaarlechkeet mécht mer Angscht”
RTL-News: Invité vun der Redaktioun (17. Januar) - Georges Oswald iwwer Heescherei: Procureur Oswald an Inneminister hu verschidden Interpretatiounen
RTL-Faktencheck: Ass déi einfach Heescherei am Code pénal verbueden oder net?
RTL-News: Kritik um Heescheverbuet - Véier Oppositiounsparteie fuerdere Reaktioun vum Premierminister